Wa Groussbritannien den 29. Mäerz ouni Accord aus der EU austrëtt, stellen sech och a Punkto Transport eng ganz Partie Froen.

AUDIO: Brexit a Lëtzebuerger Aviatioun/Reportage Maxime Gillen

Lëtzebuerg huet grad am Beräich vun der Aviatioun e wirtschaftlechen Interêt, dass net all Bezéiunge vun haut op muer gekappt ginn. Ëmmerhin ass Groussbritannien eng wichteg Destinatioun fir déi Lëtzebuerger Cargolux. Op EU-Niveau gëtt den Ament e Plang ausgeschafft, wat konkret geschitt, sollt et um Enn zu engem Brexit ouni Accord kommen. An iwwert dee Plang goufen en Donneschdeg de Moien d'Deputéiert vun de Chamberskommissioune fir europäesch Affären an Transport informéiert.
D'Zäit leeft. A 45 Deeg ass et nämlech scho sou wäit an d'Preparative lafen op Héichtouren. Ma et stinn nach ëmmer eng ganz Partie wichteg Froen am Raum, esou den DP-Deputéierte Gusty Graas. Mat Sécherheet kéint een an deem kuerzen Zäitraum net all Problem geléist kréien.

Haaptsujet war en Donneschdeg de Moien d'Aviatioun, wéi déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain erkläert. Et bestinn de Moment nach Problemer bei den nationalen Interessen, wou Lëtzebuerg mat der Cargolux verschidden Nischen besetzt. Do muss een eng Léisung fannen.

Kréie sech d'EU a Groussbritannien nämlech net op en Iwwergangsaccord fir déi Zäit nom 29. Mäerz gëeenegt, falen alleguer d'Reegelen, déi bis ewell gegollt hunn op ee Coup ewech. Fir ze verhënneren, dass dann de komplette Fluchverkéier tëscht der EU a Groussbritannien ofbrécht, verhandelt d'Unioun grad doriwwer wéi eng Rechter een de Briten – op d'mannst eng Zäit laang – trotz Brexit géif accordéieren. Zum Beispill also, ob eng britesch Airline duerno trotzdeem nach an Europa dierf landen oder net. Dat an der Hoffnung, dass Groussbritannien der EU dann op d'mannst déi selwecht Rechter accordéiert, an dann och eng Cargolux weider op London dierf fléien.

Allerdéngs ass ee sech op EU-Niveau nach net zu honnert Prozent eens. D'Memberstaaten hunn zwar schonn eng gemeinsam Positioun fonnt, ma et ass net sécher, dass d'Europaparlament dat esou ofseent. Wichteg fir Lëtzebuerg ass hei déi sougenannt 5. Fräiheet, déi et enger Airline erlaabt Passagéier oder Wuere vun engem frieme Land an dat anert ze bréngen, woubäi den Ufank oder d'Enn vun der Rees am Heemechtsstaat vun der Airline muss sinn. Als Beispill: D'Cargolux flitt vu Lëtzebuerg aus op London an duerno weider op New York. Fir ze garantéieren, dass d'Cargolux vu London op New York dierf Wueren transportéieren, gëtt et eben déi 5. Fräiheet. A genee déi steet elo um Spill.

Op d'Fro, ob d'Deputéiert dann nach un e gereegelte Brexit gleewen, koum ëmmer d'Äntwert: Ech hoffen. Wierklech doru gleewen, maachen awer déi mannst.