E Samschdeg ass kuerz no Hallefnuecht zu Wëntger e Bankomat an engem Ubau vum Centre médical gesprengt ginn.

Et ass héije materielle Schued entstanen, de Bankomat ass aus senger Verankerung gerappt ginn an och opgaangen. Wéi vill Suen do eraus geklaut goufen, kann een den Ament awer nach net soen.

D'Police enquêtéiert an all d'Informatioune sinn fir den 113.

Bankomat Wëntger
E Samschdeg ass kuerz no Hallefnuecht zu Wëntger e Bankomat an engem Ubau vum Centre médical gesprengt ginn.