Vandalismus um autonome Bus am Pafendall hat dozou gefouert, datt dësen an de leschten Deeg net gefuer war.

Vun der Stater Gemeng hat et geheescht, datt déi hënnescht iewescht Fënster vun der Navette futti wier an ersat misst ginn. De Sensor gouf awer net beschiedegt, esou datt deen och op déi nei Fënster konnt kommen.  D'Reparaturaarbechte waren e Freideg ofgeschloss, sou datt d'Navette elo nees fiert.