Bis zu 3,7 Cent de Liter kann ee vun en Dënschdeg u méi op der Pompel bezuelen

De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 2,1 Cent erop op dann 1,101 Euro de Liter.

Beim 95er Bensin ass et eng Hausse vun 2,7 Cent op 1,165 Euro de Liter, den 98er Bensin geet esouguer ëm 3,7 Cent erop op 1,259 Euro de Liter.

Och de Mazout gëtt méi deier:

De Liter schwiefelfräien (10 ppm) geet ëm 2,5 Cent erop op 0,644 Euro. D'Hausse beim Mélange 2-T läit bei 3,7 Cent, op 1,782 Euro de Liter.

Och den Äerdgas klëmmt: Hei mécht d'Hausse 1,5 Cent aus op 0,771 Euro de Kilo.