Wéi den 112 mellt, huet et um Freideg de Moie fréi géint 4 Auer an engem Appartement zu Bungeref op der Haaptstrooss gebrannt. 48 Pompjeeë waren am Asaz.

3 Leit goufe blesséiert. D'Feier war an engem Appartement iwwert engem Restaurant ausgebrach. Géint 5.40 Auer war d'Feier ënner Kontroll, gëtt awer aktuell nach ëmmer geläscht.  Alles an allem waren 48 Pompjeeën un de Läschaarbechte bedeelegt.

© CGDIS

D'Ambulanze vu Wolz a Réiden waren op der Plaz, de Samu vun Ettelbréck, grad wéi d'Asazzentere vu Rammerech, Ell, Bauschelt, Réiden, Wolz, Groussbus/Préizerdaul a Gréiwels.

© CGDIS

© CGDIS

D'Haaptstrooss zu Bungeref war wärend de Läschaarbechte fir den Trafic gespaart, ass awer kuerz no 9 Auer nees opgaangen.

Am fréien Owend en Donneschdeg gouf et dann nach een Autosaccident an der Beggener Strooss an der Stad. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.