Wéi ass et wann, een am Kader vu senger Aarbecht op Lëtzebuerg auswandert?

7,9% vun eiser Populatioun, also net grad d'Hallschent kommen aus dem Ausland an dat aus iwwer 170 verschiddene Länner. D'Motivatiounen dofir kënnen déi ënnerschiddlechst sinn, ma fir muncher een ass et duerch den Job, datt en hei gelant ass. Esou vill Internationalitéit fënnt een net iwwerall a soss éischter a Milliounemetropolen. Schonn eleng dat ass natierlech fir all Expatriéierten e ganz interessanten Aspekt. An der Stad sinn et souguer scho méi wéi d'Halschent vun den Awunner, déi net gebierteg vu Lëtzebuerg kommen. Mee wéi ass et fir Expats hei am Land, Fouss ze faassen, wa se vun hirer Firma heihi geschéckt ginn, respektiv hei berufflech Karriär kënne maachen?

Am duebele Portrait léiere mer de Steiner Ufomaduh kennen, d'Origine aus Nigeria, koum hien elo viru puer Méint no sengem Master-Studium an Estland bei eis an d'Land.

Seng Kompetenzen hunn op de Profil gepasst, dee säin Employeur fir eng Positioun am IT-Sécherheetsberäich gesicht huet. Wéi et him hei an der kuerzer Zäit gefält an ob e wëll bleiwen, dat verréit hien am Reportage.

D'Decisioun ze bleiwen, souvill sief elo scho verroden, déi huet d'Famill Rouillaux aus der Champagne scho geholl. Déi franséisch Koppel Agnès a Sébastien ass 2015 op Lëtzebuerg geplënnert, well de Sebastien berufflech heihi versat gouf. Mëttlerweil si si mat hiren 3 Kanner ganz gutt hei ukomm.