Zwee Sécherheetsbeamte goufen e Mëttwoch de Moie vun engem Mann mam Doud menacéiert a krute Beleidegunge widder de Kapp gehäit.

Déi 2 Beamte sinn doropshi mam Mann op de Policebüro direkt bei der Gare gaangen.

De Mann, dee weder Alkohol nach soss aner Droge konsuméiert hat, huet och direkt gestanen, dass hien dës Menacë géigeniwwer de Beamte gemaach hat.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Mëttwoch am Nomëtteg scho virun den Untersuchungsriichter.