Dem Condamnéierte war virgehäit ginn, tëscht Juli 2015 a Februar 2017 vun der Schwächt vun enger Fra profitéiert ze hunn.

4 Joer Prisong, zwee dovu mat Sursis probatoire, woubäi d'Haaptoplo déi vun der Entschiedegung vum Affer ass: Zu där Strof gouf en Donneschdeg um Stater Geriicht e Mann an enger Affär vun Abus de faiblesse veruerteelt.

Dobäi kënnt eng Geldstrof vun 2.500 € an ënnert anerem d'Confiscatioun vun engem Appartement; am Ganze krut d'Affer ronn 427.500 € Schuedenersatz zougesprach.

Dem Condamnéierte war virgehäit ginn, tëscht Juli 2015 a Februar 2017 vun der Schwächt vun enger Fra profitéiert ze hunn, fir ronn 515.000 € vun hir ze kréien.