Zu Féiz hat eng Automobilistin um Enn vun der Brillstrooss d'Kontroll iwwer hiert Gefier verluer an ass an d'Gelänner vun der Bréck gerannt.

D'Gelänner vun der Bréck iwwer d'Kiemelbaach ass dunn an d'Waasser erofgefall. Wéi duerch e Wonner ass der Fra hiren Auto op der Bréck stoebliwwen. Si koum fir d'Kontroll an d'Spidol.