An der Nuecht op e Sonndeg, kuerz 2.30 Auer, gouf zu Konstem e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert.

Wéi d'Police schreift gouf de Foussgänger vun engem schwaarzen Auto, wuel e Seat Leon, am Millewee op der Héicht vum Centre culturel ugestouss. Déi blesséiert Persoun koum mat der Ambulanz an d'Spidol.

De schëllege Chauffer ass geflücht, eng Enquête leeft.

Ee Blesséierten gouf et och op der A4 tëscht Lalleng a Féiz. Hei ass en Auto um 3.15 Auer an d'Leitplank gerannt.

Wéi d'Police mellt, goufen e Samschdeg den Owend um 22.45 Auer 2 jonk Männer vun e puer Onbekannten an der Avenue Monterey an der Stad iwwerfall. D'Täter sinn no der Dot zu Fouss an Direktioun Boulevard Prince Henri geflücht.

Eng Sich vun der Police war positiv a 4 Verdächteger goufe gestrallt. Si waren am Besëtz vun de geklauten Objeten, déi duerno un hir Proprietären zeréckkoumen. Et gouf protokolléiert.