D'Chambre de Commerce hält net vill vum neie Faillitte-Gesetz.

De repressive Volet géif do virun deem preventive stoen.

Et géif och net genuch ënnerscheet ginn tëscht dem éierlechen Entrepreneur, deem säi Geschäftsmodell net opgeet an deem Onéierlechen.

Den Text géif och net ëmmer daache fir kleng Betriber, déi awer 99% vum ganze Secteur ausmaachen.