Kuerz no 13 Auer e Méindeg ass bei de Pompjeeë vun Iechternach a Mäertert ee Groussalarm ausgeléist ginn.

Dat well ee Groussbrand an der Iechternacher Industrie-Zon gemellt gouf. Ewéi d'Pompjeeën op d'Plaz komm sinn, huet sech awer erausgestallt, dass nëmmen e Kamäin gebrannt huet, esou dass d'Eenheete vun Dikrech, Rouspert a Bäerdref nees ofbestallt goufen. Doduerch, dass d'Pompjeeë séier op der Plaz waren, konnt ee gréissere Schued verhënnert ginn.

Ënnert schwéierem Otemschutz ass d'Feier geläscht an de Raum belëft ginn, esou dass d'Aarbechter no knapp annerhallwer Stonn nees schaffe konnten.

Beim Virfall ass kee blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an de Rettungsdéngscht vum CIS Iechternach, d'Pompjeeë vum CIS Mäertert-Gréiwemaacher an d'Police vun Iechternach.