Feier um Dënschdeg de Moie kuerz no 3.30 Auer an engem Chalet op engem Camping zu Heischent. Wéi de CGDIS mellt, wieren zwou Persoune blesséiert ginn.

Am Asaz waren de Centre d'Intervention Alebësch, d'Pompjeeë vun Esch-Sauer, Ettelbréck a Feelen.
RTL-Informatiounen no war d'Feier an engem private Chalet ausgebrach. Vu bausse si keng Brandspuren ze erkennen.

Soss Detailer ginn et keng.