Um Dënschdeg de Moie stoung zu Beetebuerg an der Industriezon Schéleck e Camion a Flamen. D'Pompjeeë vun 3 Corpsen waren an den Asaz geruff ginn.

Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Beetebuerg an d'Asazzentere vu Beetebuerg, Diddeleng a Käl. Wéi de CGDIS mellt, gouf kee beim Feier blesséiert.

Géint 6.20 Auer gouf zu Mamer eng Persoun ugestouss. D'Ambulanze an den Asazzenter vu Mamer waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter vu Kielen.

Géint 7.40 Auer sinn zu Esch en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Um 7.52 Auer sinn op der A1 Richtung Stad 2 Autoen anenee gerannt. D'Ambulanz vu Jonglënster huet sech ëm 1 Blesséierte gekëmmert.

Géint 9.30 Auer ass zu Gréiwemaacher eng Persoun ugestouss ginn. D'Ambulanz vu Mäertert, den Asazzenter Gréiwemaacher-Mäertert, den Asazzenter Manternach an de Samu vun Ettelbréck goufe geruff.