Wéi de CGDIS um Donneschdeg de Moie mellt, war hei ee Chauffeur mat sengem Gefier an e Bam gerannt.

D'Rettungsdéngschter vun Esch, Monnerech a Schëffleng waren op der Plaz.

Um Donneschdeg de Moie géint 9.24 Auer gouf et en Accident tëscht Kënzeg a Grass. En Auto an e Moto waren hei net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Péiteng, grad wéi d'Asazzentere vu Käerjeng a Péiteng goufen op d'Plaz geruff.

D'Police huet e Mëttwoch den Owend tëscht 19.45 Auer an 00.30 Auer eng Alkoholkontrolle an der Stad an um Houwald gemaach.
122 Automobilisten goufen getest, 9 haten ze vill gedronk, 1 Führerschäin gouf agezunn.