Géifen dës Quellen propper gehalen ginn, kéinte ronn 75.000 Leit méi mat Drénkwaasser versuergt ginn.

Als Staat, als Gemeng an als Eenzele kann een nach vill méi maachen, fir d' Drénkwaasser ze schützen. Sot e Freideg um Welt-Waasserdag d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. A fir d' Land gëtt et e Problem, dee nawell grouss ass: Quellen, déi net benotzt kënne ginn, well se verdreckst sinn.

AUDIO: Weltwaasserdag 2019 - Reportage Nico Graf

An esou knaschteg Quelle gëtt et der ebe vill, sot d' Carole Dieschbourg. Gezielt ginn se net eenzel, mä dat negatiivt Resultat, dat erschreckt. Zu Lëtzebuerg ass et esou, dass een dës Quellen erëm kéint benotzen, dass een esou 75.000 Leit méi kéint mat Waasser versuergen. Et wier dohier absolut dréngend, dass d'Schutzzone fäerdeg ausgewise ginn.

Wéi sech dat um Weltwaasserdag gehéiert stoung d' Carole Dieschbourg op enger Waasser-Sail, méi genee um schéinen neie Waassertuerm zu Bäerdref. Ënnert sech hat si och de Mëllerdall, wou d' Gemenge ganz autonom dru schaffe proppert a genuch Waasser ze hunn. Wat bei hinnen einfach ass, am Mëllerdall. Soss uechtert d' Land gëtt dru geschafft, ëmmer méi Schutzzonen ze schafen: fir 22 gëtt et scho Reglementer, 21 sinn am Projet, 8 ginn dëser Deeg lancéiert. Haut sinn 80% vun eisen Drénkwaasserschutzzonen entweder ënnerwee oder schonn um Terrain do an et schafft een och mat der Landwirtschaft an de Gemengen am Land zesummen.

2014 hat et jo um Stauséi de Metazachlor-Accident ginn, wou eng Gëftwollek duerch d'Waasser vum Stau ënnerwee war. Den akute Problem hätt ee schnell geléist kritt, mä et hätt een awer 2015 e Reglement op Basis vum Waassergesetz an deem ee Metolachlor a Metazachlor ganz staark ageschränkt huet, sou dass een de Problem elo misst an de Grëff kréien. An iwwerhaapt gëtt beim Waasserschutz elo esou vill wéi méiglech mat de Bauere geschwat a kooperéiert.

D' Ëmweltministesch mécht par ailleurs en Opruff, méi vun deem gudde Waasser vum Krunn ze drénken, d'Stad Lëtzebuerg huet heizou eng Berechnung gemaach: Wann eng Famill mat 2 Erwuessenen an 2 Kanner amplaz vu Waasser an de Fläschen, Krunnewaasser géif drénken, géif een eleng finanziell gesinn 1.505,84 € spueren.

A méi ökologesch wier dat och nach well kee Plastik a kee Glas verbraucht gëtt.

Grouss Projeten an der Stad Lëtzebuerg

AUDIO: Weltwaasserdag 2019 - Reportage Christophe Hochard

Drénkwaasser ofsécheren an d’Beggener Kläranlag vergréisseren. Grouss a vill Projete stinn déi nächste Joren an der Haaptstad an d’Haus.

© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg

D’lescht Joer goufen an der Stad Lëtzebuerg, an der Moyenne pro Dag 178 Liter Waasser op de Kapp verbraucht. Nieft dem Waassertuerm zu Gaasperech bei der Autobunn, gëtt elo e weideren um Kierchbierg gebaut. D’Kapassitéit klëmmt esou ëm 1000 Meter Kipp Waasser.

D’Stad Lëtzebuerg huet eng 62 Waasserquellen. Dovunner sinn der allerdéngs ronn 40 ausser Betrib. Grënn sinn ze héich Nitratwäerter oder well se duerch Pestizide belaascht sinn. Dobäi gi reegelméisseg Analyse vum Waasser gemaach. 137'000 Euro goufen an déi Waasseranalysen investéiert.

Zanter 2012 ass d’Kläranlag zu Beggen a Betrib. Si ass déi Gréissten hei am Land an huet eng Kapassitéit fir iwwer 200'000 Awunner. Dat geet definitiv net méi duer, wann d’Populatioun an der Stad Lëtzebuerg séier viru wiisst. Dofir gëtt d’Anlag an de nächsten 10 Joer op 450'000 Awunner ausgebaut. Bal 200 Milliounen Euro kascht dësen ambitiéise Projet.