Et stëmmt, datt et Ugangs vum Joer Retarde beim Traitement vun den Prime-House-Subventioune goufen.

Dës Informatioun vum CSV-Deputéierte Gilles Roth confirméiert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

De Problem war, datt et keng aktuell Delegatioun vun der offizieller Ënnerschrëft fir den Direkter vun der Ëmweltverwaltung Robert Schmit gouf.

D'Prime-House ka fir Investissementer bei energetesche Renovatiounen an Investissementer an erneierbar Energien ugefrot ginn.

Wéi et heescht, wier de Retard fir d'Subsiden awer entretemps opgeschafft ginn an d'Demande wieren alleguer bis Enn Februar traitéiert ginn.

Allgemeng notéiert d'Ministesch, datt d'Zäite fir Demanden ze traitéieren, zanter 2013 substantiell erofgaange wieren - wann deemools alt iwwer 8 Méint op eng Äntwert gewaart gi wier, sou wieren et den Ament nach e puer Woche Waarden.