E Freideg de 15. Mäerz 2019 tëscht 16.45 a 17.15 ass ee Won op der N7 an der Géigend vum Rondpoint "Schinker" an e Bushaische gerannt.

De Chauffer vum Auto huet sech uschléissend an onbekannte Richtung aus dem Stëbs gemaach, ouni de Schued ze mellen.

An dësem Zesummenhang sicht d'Police vu Klierf nach no eventuellen Zeien, déi Informatiounen iwwert den Accident oder de Chauffer hunn. Dës solle sech um Policebüro zu Klierf ënnert der Nummer 244831000 mellen.