Besonnesch wéinst Problemer am Zesummenhang mat der Aarbechtszäitreegelung, hat d'CGFP eng Entrevue beim Minister fir bannenzeg Sécherheet ugefrot.

E Mëttwoch koumen an dem Kontext de Minister François Bausch, d'Generaldirektioun vun der Police, Vertrieder vun der CGFP an de Personaldelegatioune vun der Police beieneen.

Wéi et an engem Communiqué  vun der SNPGL dono geheescht huet, wier ee breede Konsens fonnt ginn, deemno d’Gesetz sou séier wéi méiglech muss ugepasst ginn. Trotz deels schwierege Momenter an der Reunioun, wieren eng Rei konstruktiv Mesure proposéiert ginn, déi elo am Detail vu Säite vum Ministère festgehalen, an all de Bedeelegte bis den 18. Abrëll sollen zoukomme gelooss ginn.

D’Zil wier et, d'Accorden tëscht de Sozialpartner bis Enn des Mounts ënnerschreiwen ze kënnen. Bis dohinner géifen eenzeg an eleng d’Reegele vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d’Aféiere vun den  Zäitspuerkonten gëllen, sou d'Policegewerkschaft.