© RTL (Archiv)
Zu Hesper, op der A6 an zu Bouneweg stoungen all Kéiers an Auto a Flamen. Zu Wolz dogéint hat en Haus gebrannt.
Zu Hesper an der Allée de la Jeunesse Sacrifiée stoung an der Nuecht op de Samschdeg géint 3.30 Auer en Auto a Flamen. Dat mellt den 112. Am Asaz waren d'Pompjeeë vun Hesper. Et ass kengem eppes geschitt.
Géint 20.15 Auer um Freideg den Owend war och op der Areler Autobunn Direktioun Stad en Auto a Brand geroden. D'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz. Och hei blouf et beim Materialschued.
Zu Bouneweg um leschte Steiwer hat géint 18 Auer virun engem Haus een Auto gebrannt. Et gouf kee blesséiert. D'Pompjeeën haten d'Feier séier ënner Kontroll.
Kuerz no 19 Auer dann hat et an engem Haus zu Wolz an der Rue Neuve gebrannt. Hei gouf eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Wolz, Klierf, Géisdref an aus der Stauséigemeng.