Vum Delai vun der Bréifwal iwwert den Oflaf vun de Walen, e puer praktesch Informatiounen.

Wien dierf wielen?

Zu Lëtzebuerg hu mer och fir d'Europawalen Walflicht. Hei ass u sech jiddereen, deen op d'mannst 18 Joer opgeruff, fir wielen ze goen. Ausnam ass bei Leit vun iwwer 75 Joer, déi wielen dierfe goen. Weider sinn och Leit, déi hier Biergerrechter entzu kruten, net méi walberechtegt. Fir d'EU-Walen muss een d'Nationalitéit vun engem EU-Memberland hunn.

Bréifwal

Nach bis de 16. Abrëll (40 Deeg virun de Walen) bleift engem Zäit, fir d'Bréifwal unzefroen, wann een net zu Lëtzebuerg wunnt. Mat enger Lëtzebuerger Adress huet een e bësse méi Zäit. Hei gëllt et bis spéitstens den 2. Mee (25. Deeg virun de Wale wier den 1. Mee, well dëst awer e Feierdag ass, gëtt den Delai 1 Dag no hanne geluecht) seng Demande eragereecht ze hunn.

D'Ufro kann ee ganz einfach iwwer MyGuichet.lu maachen, wann een am Besëtz vun engem LuxTrust-Account oder enger elektronescher Carte d'identité (eID) ass, oder mat enger Demande bei der Gemeng, wou een ugemellt ass.

Méi Detailer, d'Formulairen an déi wichteg Linke gëtt et op guichet.lu.

Wéi gëtt gewielt

Am Ganze ginn an Europa 705 gewielt, dovunner komme 6 Parlamentarier aus Lëtzebuerg, Däitschland zum Verglach huet 96 Sëtz.

Zu Lëtzebuerg kann een eng ganz Partei wielen a gëtt esou all Persoun op der Lescht 1 Stëmm. Dofir kräizt een einfach de Krees iwwert der Lëscht un. Et kann een awer och eenzel Kandidate wielen, entweder aus enger Lëscht oder vu méi L
Lëschten. Hei kann een all Kandidat eng oder 2 Stëmme ginn, awer am Ganzen huet ee just 6 Stëmmen ze gutt. Méi wéi ukräizen dierf een dann och net. Op den Ziedel molen oder schreiwen mécht de Vott ongülteg.