De groussherzoglechen Haff huet um Samschdeg den Owend matgedeelt, datt de Grand-Duc Jean wéint enger Infektioun vun de Longen an d'Spidol ageliwwert gouf.

De Grand-Duc Jean läit mat enger Longenentzündung am Spidol. Dat huet de Groussherzoglechen Haff um Samschdeg den Owend bekannt ginn. Wéi et an engem kuerze Communiqué geheescht huet, stéing de Grand-Duc ënner Observatioun. Soss Detailer iwwert säi Gesondheetszoustand huet d'Cour Grand-Ducale keng ginn. De 5. Januar hat de Grand-Duc Jean 98 Joer krut. Hie war vu 1964 bis d'Joer 2000 Staatschef, éier hien den 7. Oktober 2000 vu sengem Fils dem Grand-Duc Henri um Troun ofgeléist gouf.

Déi lescht Zäit sinn dem Grand-Duc Jean seng offiziell Optrëtter ëmmer méi seelen ginn. Eng leschte Kéier, wou hien am Grand-Public ze gesi war, war wärend der grousser Konferenz Enn Mäerz um Kierchbierg, déi ënnert dem Motto "Stand, Speak, Rise up" stoung an op eng Initiative vun der Grande-Duchesse Maria Teresa zeréckgoung.

Enn Dezember 2016 war de Grand-Duc Jean wärend e puer Deeg wéinst enger Bronchite hospitaliséiert. Uganks Januar 2017 koum hien dunn nees aus dem Spidol a konnt deemools säi 96. Gebuertsdag am Krees vu senger Famill feieren.