D’Medezin ass all Dag mat Innovatioun konfrontéiert. Dat geet vun neie méi performante Medikamenter, iwwer virtuell Simulatiounen bis hin zu Roboteren.

Roboteren, déi beim Operéieren hëllefen. Fir dem technesche Fortschrëtt net hannendrunzelafen, sinn d’Klinike gefuerdert permanent hir Apparater a soss Hëllefsmaterialien z’ersetzen an z‘erneieren.

Dernieft muss awer och d’Personal sech den neisten Technologien upassen an dofir ëmmer nees u Formatiounen deelhuelen.

De Centre Hospitalier an der Stad leet besonnesch vill Wäert drop, dass d’Mataarbechter sech permanent weiderbilden, fir esou och de Patienten déi beschtméiglech Fleeg kënnen unzebidden.