Et ass dee leschte Sonndeg virun Ouschteren, de sougenannte Pällemsonndeg. E laut d’Karwoch an, déi wichtegst Woch vum kathoulesche Kierchejoer.

Mee wat huet et domat op sech? Wouhier kënnt de Pällemsonndeg a wat bedeit en?

Op Pällemsonndeg gëtt bei de Chrëschten dru geduecht, wéi de Jesus Christus zu Jerusalem ukënnt. Mat Äscht a Gréngs hunn d’Leit de Jesus empfaangen. Dohier de Brauch um heitegen Dag Pällem seenen ze loossen a mat Heem ze huelen.

Do rëscht een domat d’Kräiz oder hänkt et hannert d’Dier fir d’Haus virum Blëtz, Feier an Ongléck ze schützen. Fréier hunn d’Baueren de geseente Pällem och an hiert Feld gestach, fir eng gutt Rekolte ze kréien.

Och wann haut vill Leit vläicht desinteresséiert wieren, géingen Anerer doranner en déiwe Sënn fannen, esou den Abbé Jean Hierzig. Al Traditiounen oprecht ze erhalen, wier awer schwiereg. Déi Traditiounen hätte sech mat der Zäit lues opgebaut, d’Begeeschterung dofir hëlt awer heiansdo of. Et géing iwwerdeems vergiess ginn, wat eigentlech gefeiert gëtt: d’Leiden, den Doud an d’Operstoen vum Christus.

Nëmme e puer Deeg nodeems de Jesus zu Jerusalem gefeiert gouf, wollten nämlech déi selwecht Leit, dass e gekräizegt gëtt. An un déi Woch soll erënnert ginn.