Géint 18.30 Auer e Méindeg den Owend ass eng Policepatrull an der Stater Avenue de la Liberté op 2 Persounen opmierksam ginn. Si haten Droge bei sech.

D'Beamten hunn 20 Gramm Marihuana séchergestallt. Déi Zwee goufen um Policebüro verhéiert an et gouf protokolléiert.

Knapp annerhallef Stonn méi spéit hunn déi selwecht Poliziste béid Persounen erëmgesinn, déi Kéier op der Place de Marché. Och do hate si nees Droge bei sech, 18 Gramm Haschisch.

Eng zweete Kéier hu si misse mat op de Büro an et gouf nach ee Protokoll.