Et wier aktuell vill Kaméidi, wat d'Mëttegsgeschäft vun de Restaurante géif negativ beaflossen.

Net jiddereen ass glécklech, datt d’Aarbechten um Knuedler nach bis 2023 daueren. Dat hu mer um Wochemaart gemierkt. An awer wollt bal keen eppes virun der Kamera soen.

Wei de Giordano Bruno 2014 e klenge Café um Knuedler iwwerholl huet, waren d’Aarbechte scho knapp ee Joer amgaangen. An der Mëttesstonn géif ee mierken, datt duerch de Kaméidi manner Leit kommen. Den Ament kuckt ee vun der Terrass op Panneauen, déi weisen, wéi d’Plaz fréier ausgesinn huet. Den Ament kuckt ee vun der Terrass op Panneauen, déi weisen, wéi d’Plaz fréier ausgesinn huet.

De Parking soll 2021 opgoen an d'Plaz 2023 komplett amenagéiert sinn. Zil ass et fir der Alstad nach méi Charme ze ginn, sou d'Stater Buergermeeschtesch.