Donieft waren nach zu Uespelt zwee Autoen net laanschtenee komm.

Den 112 mellt e Kand, dat e Samschdeg de Moie géint 11.30 Auer zu Fréiseng ugestouss an dobäi liicht blesséiert gouf. Ee liicht Blesséierte gouf et dann och  zu Uespelt géint 16.30 Auer. Hei sinn zwee Autoen net laanschtenee komm. Ouni Blesséierte war dann en Accident bei Weiler, wou ee Gefier dra verwéckelt war.

Da mellt de CGDIS nach e Feier zu Hesper, wou Gestrëpp gebrannt huet.