Vill Leit waren an d’Mass um 10.30 Auer komm, déi eng Stonn laang gedauert huet.

D'Operstehung vu Jesus Christus gouf vun der kathoulescher Kierch zelebréiert. De Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg huet d'Mass gehalen.

Ouschteren ass dat gréisste Kierchefest am Joer, nach viru Chrëschtdag. Eleng aus deem Grond, ma sécher net nëmmen, waren de Sonndeg de Moie ganz vill Leit an de Gottesdéngscht komm.