E Méindeg géint 16 Auer ass et zu Veianen ënnert der Seelbunn zu engem gréissere Feier an der Vegetatioun komm. Dem 112 no gouf kee blesséiert.

D'Feier war am Bësch bei der Rue du Sanatorium ausgebrach an hat direkt fir vill Damp gesuergt, deen een och aus der beléifter Uertschaft un der Our gutt gesinn huet.

Op de Fotoen, déi RTL erageschéckt krut, gesäit een dann och vill Damp iwwert an tëscht de Beem ënnert der Seelbunn.

D'Pompjeeë ware séier op der Plaz, fir d'éischt goufen d'Leit vun der Seelbunn, op der Biergstatioun an op Trëppelweeër a Sécherheet bruecht, duerno huet musse Läschwaasser an de Rampli bruecht ginn. Wéi de CGDIS e Méindeg den Owend an engem Communiqué matgedeelt huet, hu besonnesch déi géi Lag an d'Waasserversuergung eng grouss Erausfuerderung duergestallt. D'Läschaarbechte goufen an zwee Secteuren opgedeelt an d'Waasser gouf am sougenannte Pendelverkéier op d'Plaz bruecht.

Fir en Iwwerbléck iwwer d'Ausmooss vum Feier ze kréien an d'Pompjeeën och taktesch ze ënnerstëtzen, goufen och Dronen agesat. Géint 17.30 Auer war de "Vegetatiounsbrand", esou de CGDIS, ënner Kontroll, duerno huet awer nach mussen nogeläscht ginn.

VIDEO: Bëschbrand zu Veianen bei der Seelbunn: Kee blesséiert
Op Ouschterméindeg géint 16h war et zum Vegetatiounsbrand komm: Eng 70 Pompjeeë vun 10 Corpsen haten d'Feier géint 17h30 ënner Kontroll. Biller ouni Kommentar.

Fir de Flamen Här a Meeschter ze ginn, waren net manner ewéi 70 Pompjeeë vun 10 Corpsen am Asaz: Veianen, Weiler, Tandel, Dikrech, Reisduerf, Lëntgen, Ettelbréck an Ëlwen. D'Pompjeeë vu Bäerdref an aus der Stad ware mat Drone sur place. Och d'Police war op der Plaz.

Blesséiert gouf keen, esou de CGDIS, de Corps Grand-Ducal Incendie & Secours.

Géint 18 Auer huet et am Bierg iwwer Veianen nach just e bësselche gedämpt. / © Raoul Michels

D'Feier war géint 19.30 Auer ganz geläscht, géint 21 Auer sinn och déi lescht Pompjeeën, déi vu Veianen, nees fortgefuer.

Weider Bränn

Zu Éinen am Neie Wee hat et e Méindeg de Mëtteg kuerz no 12 Auer och am Bësch gebrannt. Hei waren d'Pompjeeë vu Wormer a vu Kanech am Asaz, blesséiert gouf och hei keen.

Zu Miersch an der Rue de la Gare huet géint 15 Auer en Zeitungsstänner gebrannt. Hei waren déi Mierscher Pompjeeën um Dill.

An zu Réimech an der Rue du Pont huet kuerz viru 16 Auer e Blummebeet gebrannt. Déi Réimecher Pompjeeën hunn d'Flame geläscht.

Weder zu Miersch nach zu Réimech, esou de CGDIS, koume Persounen zu Schued.

Groussen Asaz fir d'Pompjeeën op Ouschterméindeg zu Veianen. / © Domingos Oliveira

Communiqué vum CGDIS

Pressemitteilung: Waldbrand in Vianden am 22 April 2019

Am Ostermontag kam es kurz nach 16 Uhr in Vianden zu einem grösseren Vegetationsbrand in einem steilen Waldstück unterhalb der Seilbahn. Zu Beginn lag das Augenmerk vor allem darauf, dass alle Personen welche sich auf der Seilbahn, respektive auf den umliegenden Spazierwegen und der Bergstation befanden in Sicherheit zu bringen. Besondere Gefahren und erschwerende Faktoren waren die starke Hanglage, sowie die Wasserversorgung in diesem unwegsamen Gelände. Die Löscharbeiten wurden in zwei Sektoren aufgeteilt, das Wasser musste im Pendelverkehr zur Einsatzstelle verbracht werden.

Aufgrund der hohen Temperaturen wurde entschieden den «Soutien sanitaire» des CGDIS vor Ort zu bestellen um zusammen mit dem anwesenden Rettungswagen die Sicherheit der Einsatzkräfte zu gewährleisten. Um einen besseren Überblick über etwaige Brandnester zu erhalten und die taktische Einsatzleitung zu unterstützen wurde auch eine Drone eingesetzt.

Gegen 17.30 war der Brand unter Kontrolle, die Nachlöscharbeiten werden aber noch eine längere Zeit in Anspruch nehmen.

Es gab keine Verletzten zu beklagen.

Im Einsatz waren:

CIS Vianden
CIS Weiler-Putscheid
CIS Tandel
CIS Reisdorf
CIS Diekirch
CIS Lintgen
CIS Ettelbruck
CIS Troisvierges
CIS Berdorf (Drone)
CIS Luxembourg (Drone)

Koordiniert wurde der Einsatz durch das Lagezentrum des CGDIS (CGO).

Insgesamt waren rund 70 Feuerwehrleute an den Löscharbeiten beteiligt.

Einsatzleiter: Zuständiger Kompaniechef, sowie zwei Pelotonchefs.

Bereitschaft ab Feuer- und Rettungswache um den Einsatzbereich abzudecken: CIS Ettelbruck

© Domingos Oliveira