No der Nouvelle vum Doud vum Grand-Duc Jean sinn eng ganz Partie Manifestatioune kuerzfristeg ofgesot respektiv verluecht ginn. Hei eisen Iwwerbléck.

Zu den Evenementer, déi annuléiert respektiv verluecht ginn, gehéiere Konferenzen, Pressekonferenzen, Table-ronden, Kultur-Evenementer, Sport-Maniffen a souguer eng Staatsvisitt. Mir hu versicht, hei e méiglechst kompletten Iwwerbléck ze ginn.

Feier 1. Mee

Déi traditionell Feier vum 1. Mee, dem Dag vun der Aarbecht, wäert dëst Joer verréckelt ginn, dat wéinst dem Doud vum Grand-Duc Jean. Dat huet den Porte-Parole vum OGBL Olivier Landini RTL en Donneschdeg de Mëtteg confirméiert. D'Entscheedung wär zesumme mat der Abtei Neimënster geholl ginn, wou dat interkulturellt Fest sollt sinn. Den 1. Mee gëtt den 9. Mee nogeholl, esou de Porte-Parole.

Och d'Familljefest vum SYPROLUX den 1. Mee zu Hesper ass ofgesot.

Porte-ouverten an de Lycéeën

De Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse huet déi nei Datumer matgedeelt, well d'Schoulen de 4. Mee jo zou bleiwen, 9 Lycéeë mussen hir Porte ouverte réckelen:

Les portes ouvertes fixées au 4 mai sont reportées dans neuf lycées (25.4.2019)

En raison des funérailles de S.A.R. le Grand-Duc Jean, toutes les portes ouvertes des lycées à l'attention des parents et des futurs élèves de 7e prévues le 4 mai 2019 sont annulées ou reportées.

Neuf lycées sont concernés.

Au Lycée Michel Rodange (LMRL), la porte ouverte est avancée au 3 mai 2019 et sera répétée, comme prévu, le 7 mai 2019.
Au Lycée de garçons d'Esch (LGE), au Lycée technique de Lallange (LTL), au Lycée Bel-Val (LBV), au Sportlycée (SLL), au Maacher Lycée Grevenmacher (MLG), au Lycée Robert Schuman (LRSL) et à l'École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg (EHTL), les portes ouvertes sont reportées au 11 mai 2019.
Au Lycée Aline Mayrisch (LAML), la porte ouverte du 4 mai est annulée. Les parents et élèves intéressés peuvent profiter des rendez-vous déjà fixés au 6 mai et au 11 mai 2019.

Vous pouvez retrouver le calendrier complet des portes ouvertes sous http://edulink.lu/hqq7.

Pour plus d'informations, veuillez consulter les sites internet des lycées respectifs.

Dann och nach dës Info: Keng Coursen de 4. Mee am Luxembourg Lifelong Learning Center.

Stad Lëtzebuerg

Déi 10. Editioun vum DKV Urban Trail Luxembourg ass vum 28. Abrëll op en 12. Mee verluecht ginn.

Komplett ofgesot sinn den Charity Run de 27. Abrëll an der Stad, grad wéi de Vernissage vun der Expositioun "besoins spécifiques" am Groussen Theater den 30. Abrëll.

Präzisioun: Den Charity Run vun de Schüler vun der 3GCM2 aus dem ECG dëse Samschdeg, 27. Abrëll op der Kockelscheier (Start: 11h) ass NET ofgesot.

D'Organisateure vum Duck Race hu matgedeelt, dass hiren Event vun e Samschdeg 27. Abrëll op den 18. Mee verréckelt gouf.

Den LCTO huet e Mëttwoch de Moien annoncéiert, dass sämtlech Concerte bis de 4. Mee annuléiert sinn.

Ënnert dem Titel "Deuil national jusqu'au 4 mai 2019 à 18 heures - Annulation d'événements" huet d'Stad Lëtzebuerg e Mëttwoch matgedeelt:

En raison du deuil national suite à la disparition de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean, la Ville de Luxembourg tient à informer le public que plusieurs événements prévus à Luxembourg-ville sont annulés, dont notamment :

- tous les concerts et animations prévus sur la place d'Armes jusqu'au 4 mai 2019 inclus
- Duck Race (27.4.2019) [nouvelle date : 18.5.2019]
- Charity Run (27.4.2019)
- DKV Urban Trail (28.4.2019) [nouvelle date : 12.5.2019]
- Gala « Tramsmusék » (30.4.2019) [nouvelle date : 11.5.2019]
- Vernissage de l'exposition « besoins spécifiques » au Grand Théâtre (30.4.2019)

D'autre part, les services ou événements du 4 mai 2019 sont annulés :

- Table ronde organisée par l'asbl « Nëmme mat eis ! » (4.5.2019)
- Marché bihebdomadaire sur la place Guillaume II (4.5.2019)
- Action de sensibilisation dans le cadre des élections européennes organisée par la Ville de Luxembourg et l'OLAI (4.5.2019)
- Journée portes ouvertes du Conservatoire de la Ville de Luxembourg ; le Conservatoire restera fermé (4.5.2019)
- Brocante sur la place d'Armes (4.5.2019)
- Permanence de l'état civil (4.5.2019)

De 4. Mee ass och kee Maart an der Stad. Zesumme mat de Maartleit gëtt gekuckt, de Maart op freides ze verleeën, well den 1. Mee donieft op e Mëttwoch fält. Och d'Brocante op deem Dag ass ofgesot.

De Lampertsbierger Laf de 4. Mee, organiséiert vum Lycée Technique du Centre zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, ass komplett annuléiert. En aneren Datum hätt een als Alternativ net fonnt.

Visitt vum Cap-Vert verréckelt

D'Cour grand-ducale huet wësse gedoen, dass d'Staatsvisitt vum Jorge Carlos Fonseca, President vum Cap-Vert, a senger Fra Lígia Dias Fonseca, déi tëscht dem 7. an 9. Mee sollt sinn, op e spéideren Datum verréckelt gouf.

Visite d’État du 7 au 9 mai 2019
Suite au décès de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean, la Visite d’État de Son Excellence Monsieur Jorge Carlos Fonseca, président de la République de Cabo Verde, et Madame Lígia Dias Fonseca au Grand-Duché de Luxembourg est reportée à une date ultérieure.

Politik

Wéinst dem Doud vum Grand-Duc Jean wëllen déi 4 Lëtzebuerger Parteien, déi am Europaparlament vertruede sinn, also CSV, LSAP, DP a Gréng, bis den 29. Abrëll kee Walkampf maachen.

D'ADR huet och déi néideg Dispositiounen geholl: Den Europameeting de 25. Abrëll gëtt bäibehalen, d'Bamfeier vum Norddeputéierte Jeff Engelen, déi fir de 4. Mee virgesi war, gëtt de 25. Mee nogeholl.

D'Pressekonferenz vun der DP, déi en Donneschdeg de Moien um 9 Auer sollt sinn, ass ofgesot.

Aus Respekt vum Doud vum Grand-Duc Jean annuléiert DP-Munneref hiren Theaterowend vum 26. an 27. Abrëll, gespillt vun den Diddelenger Guiden a Scouten, am Bierger- an Kulturhaus zu Munneref.

Aus Respekt virun der Staatstrauer gëtt den Nationalkongress vun de Jonk Demokraten, dee fir de 27. Abrëll virgesi war, op en aneren Datum verluecht.

D'Association des Femmes Libérales deelt mat, dass hir 50 Joresfeier, déi fir e Samschdeg de 4. Mee um 17.30 Auer geplangt war, op de Sonndeg verluecht gouf. Den neie Rendezvous ass also de Sonndeg 5. Mee um 17.30 Auer am Centre Culturel "Schéiss" an der Stad.

D'Schëtter Bierger deelen da mat, dass déi geplangte Gespréichsronn mat de Bierger vu Schëtter, déi en Donneschdeg um 19.30 Auer zu Mënsbech am Campus an der Dällt sollt sinn, annuléiert gouf. D'Versammlung gëtt op e spéideren Datum verréckelt.

Sport

Wéi d'FLF schreift, sinn all d'Futtballsmatcher um 4. Mee ofgesot ginn.

De Comité vun de Special Olympics Luxembourg huet decidéiert, datt de 4. Mee sämtlech sportlech Evenementer an Trainingen ofgesot sinn.

Den COSL deelt da mat, datt et de Federatiounen iwwerlooss ass, ob ee Sportsevenementer ofseet oder net. Et recommandéiert een awer "une certaine retenue":

Le Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL), en l'absence de législation concernant le deuil national, et sans préjudice de toute décision contraire du Gouvernement, recommande aux fédérations membres de faire valoir une certaine retenue, tout en laissant à chaque fédération la liberté de décider du maintien, du report ou de l'annulation des événements figurant à leur programme sportif. Pour la journée des obsèques nationales du 4 mai 2019 jusqu'à 18.00 heures un report des activités fédérales est recommandé.

Aus Respekt virum verstuerwene Grand-Duc Jean an den Trauerfeierlechkeete gëtt den Andy Schleck Challenge vu samschdes de 4. Mee op sonndes de 5. verluecht.

Am Schéisssport ass den Challenge PP1, deen de 4. a 5. Mee zu Käl sollt sinn, ofgesot. En neien Datum gëtt deemnächst matgedeelt.

Am Karate goufen d'Open de Luxembourg an den Challenge vun der Stad Déifferdeng de 4. Mee ofgesot.

De Biisser Schäfferot huet decidéiert d'Aweiung vum neie Sportkomplex, déi de 27. Abrëll um 11 Auer sollt sinn, wéinst der nationaler Staatstrauer ofzesoen. D'Porte ouverte mat de Foodtrucks am Sportkomplex ass awer net ofgesot a fänkt um 12 Auer un.

Kultur

Wéi de Fonds Belval an engem Schreiwes annoncéiert huet, gouf d'Nocturne de printemps de 27. Abrëll bei den Héichiewen um Belval annuléiert ass.

D'Gala "Tramsmusek" gouf vum 30. Abrëll op den 11. Mee verréckelt.

Aus Respekt vum Doud vum Grand-Duc Jean annuléiert DP-Munneref hiren Theaterowend vum 26. an 27. Abrëll, gespillt vun den Diddelenger Guiden a Scouten, am Bierger- an Kulturhaus zu Munneref.

Zu Esch gëtt och d'Nuit de la Culture verluecht an zwar vum 4. Mee op de 14. September. Dowéinst gëtt dann och d'Pressekonferenz, déi de 25. Abrëll sollt sinn, op een aneren Datum verréckelt. Dee soll Mëtt Juli sinn. De 4. Mee sinn awer Ekippe vun der Nuit de la Culture op der Place de l'Hôtel de Ville fir eventuell Visiteuren ze informéieren.

De Concert vun der Croix-Rouge vu Walfer gouf op e spéideren Datum verluecht:

À la suite du décès de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean et le deuil national proclamé par le gouvernement, la Section locale de la Croix-Rouge de Walferdange annonce l'annulation du concert de la Musique Militaire Grand-Ducale prévu le vendredi 26 avril 2019 au Centre Prince Henri à Walferdange. Le concert sera reportée à une date ultérieure.

La Section locale de la Croix-Rouge de Walferdange se joint à la Croix-Rouge luxembourgeoise et exprime ses sincères condoléances à la famille grand-ducale.

Och d'Gala-Soirée am Kader vum 10. Anniversaire vu LU-CIX, déi de 25. Abrëll sollt sinn, gëtt verluecht.

D'Philharmonie huet d'Pressekonferenz vum Freideg, op där d'Saison 2019/2020 virgestallt sollt ginn, och verréckelt. An e puer Woche soll e Point presse sinn.

D'Reisdrëfer Musek deelt da mat, dass hien Event "Toys, Music & More" vum 1. Mee, wéinst der nationaler Staatstrauer annuléiert an ob d'nächst Joer verréckelt gëtt.

D'Schëtter Gemeng huet decidéiert, fir de Concert "Daniel Balthasar & Friends", deen de 26. Abrëll sollt stattfannen, op e spéideren Zäitpunkt ze verréckelen.

Am Mudam sinn d'Workshoppen an d'Visitten de 4. Mee annuléiert.

De Vernissage "Coups d'oeuil" am Centre d'Art Dominique Lang et Nei Liicht zu Diddeleng mécht eréischt de 5. Mee um 11.30 Auer hir Diere fir de Public op. D'Pressekonferenz den 30. Abrëll um 9.30 Auer gëtt wéi geplangt bäibehal.

De 26. Abrëll soll dat neit Gebai vum Militärmusée zu Dikrech ageweit ginn, wéinst dem Doud vum Grand-Duc Jean gouf dëst awer annuléiert.

"Et deet eis Leed Iech matzedeelen dat wéinst dem Doud vum Grand-Duc Jean d’Aweiung vun der neier Annexe vum Militärmusée net ewéi geplangt den 26.04.2019 stattfënnt. Mir halen Iech um Lafenden wéini dës Inauguratioun nogeholl gëtt. Mir hoffen ob Äert Verständnis.

Nous sommes au regret de vous informer que l’inauguration de l’annexe du Musée National d’Histoire Militaire est annulée dû à la mort du Grand-Duc Jean. Nous vous informons aussitôt que possible de la nouvelle date."

De 4. Mee fiert de Bicherbus net: La Bibliothèque nationale de Luxembourg (BnL) informe le public que son Bicherbus ne circulera pas le samedi 4 mai 2019 et ne pourra donc pas desservir les arrêts de la tournée 12 allant de Boevange/Attert à Walferdange via Eischen, Saeul et Bridel. Cette tournée sera reportée à la semaine suivante, à savoir, le samedi 11 mai 2019. La liste des arrêts concernés peut être consultée sur le site web du Bicherbus: www.bicherbus.lu.

Verschiddenes

D'Porte Ouverte vum Lycée Michel-Rodange sollt de 4. Mee sinn, gouf awer elo op den 3. Mee no vir verréckelt. Lass geet et um 17.30 Azer. Weider Infoen op www.lmrl.lu.

IMS Luxembourg respektéiert d'Staatstrauer an huet dofir d'Pressekonferenz vum "Luxembourg Sustainability Forum" en Donneschdeg 25. Abrëll um 13 Auer annuléiert. De Forum selwer ass awer wéi geplangt.

D'Ministesch fir Kooperatioun Paulette Lenert huet hir Participatioun un der Visitt am Senegal ofgesot. D'Visitt u sech gëtt awer bäibehalen.

D'Signature vun der Charte de collaboration du Comité de pilotage Natura 2000 «Mamer-Äischdall-Gréngewald» gouf op den 3. Juli verluecht.

D'Aweiung vun der neier Primärschoul zu Kënzeg gouf dann och am Kader vum Doud vum fréiere Staatschef annuléiert. Dës sollt an dech den 3. Mee um 14.30 ofgehale ginn, ma gouf elo op e spéideren Datum verluecht, deen nach muss präziséiert ginn.

Dann hunn och d'Pompjeeën an déi jonk Pompjeeën matgedeelt, datt hir Generalversammlungen, déi de 26. respektiv de 27. Abrëll zu Mutfert sollte sinn, ofgesot goufen.

D’Porte Ouverte vun der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg, déi de 4. Mee sollt sinn, ass verluecht op de Samschden, den 11. Mee vun 9 bis 12 Auer.

D'Parkatechese vum 04.05. (9.15 - 12.00 ) um Briddel ass op Samschdes den 11.05. verluecht (9.15-12.00 Auer um Briddel).

D'Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale deelt mat, dass de Vernissage vun der Expo "Ta vision de l'anxieté", dee fir de 25. Abrëll um 11 Auer geplangt war, annuléiert ass. En neien Datum steet nach net fest.

Da gouf och d'Pressekonferenz vun der Court de Justice de l'Union européenne ofgesot, déi vum François Biltgen, dem Marc Jaoeger an dem Dean Spielmann sollt ofgehale ginn.

A la suite du décès du grand-duc Jean et en raison du deuil national, la conférence de presse relative à la publication du rapport annuel de la Cour de justice de l’Union européenne, en présence de M. François Biltgen, juge à la Cour de justice, M. Marc Jaeger, président du Tribunal, et M. Dean Spielmann, juge au Tribunal, initialement prévue le lundi 29 avril 2019 à 15h, est reportée au lundi 6 mai 2019 à 12h dans les bâtiments de la Cour de justice (plateau du Kirchberg, rue du Fort Niedergrünewald, arrivée à 11h45).

Dann huet och de Mouveco matgedeelt, datt een d'Evenement "World Café" géif ofsoen, déi fir de 25. Abrëll geplangt war. En neien Datum ass hei awer nach net gewosst.

D'Police huet d'Aweiung vum neie Kommissariat um Lampertsbierg ofgesot.

Och den Optrëtt vun den Déckkäpp en Donneschdeg zu Käerjeng gouf ofgesot a soll den Owend vum 4. Juli am Chalet Bommertsbësch nogeholl ginn.

D'Presentatioun vum Joresrapport 2018 vun Inter-Actions e Samschdeg 27. Abrëll ass ofgesot. En neien Datum gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt matgedeelt.

Autisme Lëtzebuerg deelt mat, datt den Discotisme, eng Disco fir Leit mat enger Behënnerung, dëse Samschdeg ausfält.

De Stock-car Supporter Club vu Schous huet hiren Thé Dansant vum 28. Abrëll op den 30. Juni verluecht.

Wéi co-labor matdeelt, ass de Marché des Producteurs  de 4. Mee op der Greiwelsbarrière zu Bartreng komplett ofgesot.

Keng Coursen de 4. Mee am Luxembourg Lifelong Learning Center.

D'Ettelbrécker Scouten LGS Saint Sébastien deele mat, datt samschdes, de 4. Mee déi traditionell Kiermes net wéi gewinnt um 14 ugeet, mä réischt um 19. Dës Decisioun ass geholl ginn, fir de Memberen, Frënn, Ënnerstëtzer a Bekannten d'Méiglechkeet ze ginn, fir um Begriefnes vum Chef-Scout, dem Grand-Duc Jean, derbäi ze sinn. Déi ugekënnegt Mass an der Däichhal samschdes owes um 19 ass dann de Startpunkt fir d'Kiermes. Sonndes ass de Programm vun der Kiermes onverännert a fänkt, wéi gewinnt, um 11 an der Däichhal zu Ettelbréck un.

Net alles ass ofgesot!

D'Stad Diddeleng léisst zum Beispill wëssen:

Par la présente, nous nous permettons de vous envoyer un rappel des évènements de cette semaine et de la semaine prochaine qui ont pu être maintenus malgré les circonstances:
- jeudi, 25 avril de 9h00 à 12h00 : 1ères assises du commerce à Dudelange, ccrd opderschmelz.
- vendredi 26 avril à 8h00 : conseil communal, salle de réunion rdc.
- vendredi 26 avril à 14h30 : conférence de presse de présentation du 2ème Festival Eat, Beat & Culture, salle 105 (1er étage, Hotel de Ville).
( !! le festival aura lieu le samedi 4 mai comme prévu, mais en raison des circonstances, il débutera à 18h00 !!).
- samedi 27 avril 2019 de 9h00 à 18h00 : grande braderie de printemps avec animations de rue.
- lundi 29 avril 2019 à 19h00 : conférence « le CHEM aujourd'hui et demain », salle Nic Birtz (Hôtel de Ville).
- samedi 4 mai et dimanche 5 mai 2019 : 2ème Festival Eat, Beat & culture, hall Fondouq (samedi à partir de 18h00).

Zu Wolz: D'Première vum Film Du an d'EU, déi den 26 Abrëll um 17:30 am Ciné Prabbei wäert stattfannen. Dëse Film ass an Zesummenaarbecht mat Kanner aus dem Grondschoulalter, dem Kannerbureau Wooltz an dem Zentrum fir politesch Bildung entstanen.

Den Charity Run dëse Samschdeg, 27. Abrëll op der Kockelscheier (Start: 11h) ass wéi geplangt, fir de gudden Zweck. Org.: Schüler vun der 3GCM2 aus dem ECG.

An der Kulturfabrik ass e Samschdeg, 27. Abrëll wéi geplangt de Festival "Out of the Crowd".

D'Déifferdenger Kiermes ass vum 26. Abrëll bis den 12. Mee um Parking Centre-ville (fréier "Contournement"), d'Ouverture ass de Freideg, 26. Abrëll um 19 Auer.

De Lundi littéraire mam Claude Peiffer e Méindeg, 29. Abrëll um 20 Auer ass am Kulturzenter Aalt Stadhaus zu Déifferdeng.

Am Minett Park Fond-de-Gras fänkt d'Saison den 1. Mee un:

Accessible par le Train 1900 et ses impressionnantes locomotives à vapeur depuis Pétange ou en voiture depuis Niederkorn, le Minett Park est un formidable témoin de l'histoire industrielle du Luxembourg. Vaste musée en plein air, il comprend : le Fond-de-Gras, le village de Lasauvage, l'ancienne mine à ciel ouvert « Giele Botter » et l'oppidum celtique du Titelberg.

A partir du 1er mai, le train minier « Minièresbunn » et le Train 1900 circulent tous les dimanches et les jours fériés luxembourgeois jusqu'au 29 septembre inclus, dans l'après-midi. Les lieux d'exposition au Fond-de-Gras et à Lasauvage sont aussi ouverts aux mêmes dates, de 14h00 à 18h00.

Horaires du Train 1900
Départs Pétange – Fond-de-Gras : 13h20, 14h15, 15h10, 16h15, 17h10, 18h20
Départs Fond-de-Gras – Pétange : 12h50, 13h25, 14h45, 15h35, 16h45, 17h40, 18h30

Horaires du train minier « Minièresbunn »
Départs Fond-de-Gras – Lasauvage – Fond-de-Gras : 15h00, 16h00, 17h00 (avec visite dans la mine)

Et cet été 2019, les deux trains circulent également les jeudis après-midi 18 et 25 juillet et le 1er et 8 août. Horaires spécifiques pour ces « Trains du jeudi » disponibles sur le site www.minettpark.lu

Pour les groupes, des programmes complets (trajets en trains et visites guidées) peuvent être réservés durant toute l'année (info@minettpark.lu ou tél. 26 50 41 24).

De "Lundi littéraire" mat enger Liesung vum Claude Peiffer ass de 29. Abrëll um 20 Auer am Kulturzentrum Aalt Stdhaus zu Déifferdeng.