D'Chambre des salariés zeechent am "Panorama social" all Joers e soziale Portrait vum Land.

Ënnert anerem ginn d'Aarbecht, d'Aarbechtskonditioune souwéi d'Inegalitéiten an d'Aarmut ënnert d'Lupp geholl. Déi sozial Ongläichheete gi weider erop, dat ass op méi Plaze festzestellen. Do ass notamment de GINI-Koeffizient, deen eng ongläich Verdeelung duerstelle soll. Zënter 3 Joer sti mer do manner gutt do wéi d'Moyenne vun den Eurolänner, seet de Félix Martins de Brito vun der Salariatskummer. Lëtzebuerger ware laang Zäit e Krack ënnert dem Niveau vun der Eurozon, zënter 2016 wier dat awer net méi de Fall.

AUDIO: Panorama social 2019 - Reportage Pit Everling

An d'Tendenz weist weider an déi Richtung. Aner Indicateure confirméieren, datt déi héich Salairen am Verhältnis méi staark an d'Luucht gaange sinn ewéi déi niddereg.

De Leit mat de 5% héchste Léin hir Kafkraaft ass zënter 2010 ëm méi ewéi 8% eropgaangen.
Déi Leit, déi salairesméisseg am ënneschte Fënneftel leien, do war et par Konter just eng Progressioun beim Pouvoir d'achat vun 2,3%.

Den Aarmutsrisiko ass eropgaangen, d'sozial Transferte krute soss villes ausgeglach, ma den Effet vun dësen huet an de leschte Joren nogelooss. Bei de Menagen, déi exposéiert sinn, fält d'Kategorie vun de Stied mat elengerzéiend Kanner besonnesch op. 46,2% vun dëse Menagë sinn nämlech dem Aarmutsrisiko ausgesat. Wourunner dat genee läit, misst elo analyséiert ginn, seet d'Chambre des salariés.

AUDIO: De Jean-Claude Reding

D'Part vum Loyer mécht dann zu Lëtzebuerg 30% vum Revenu aus, just a Finnland, Holland a Spuenien ass déi Part nach e bësse méi héich. Wou mer elo zu Lëtzebuerg also bei engem knappen Drëttel leien, war et am Ufank vun den 2000er Joren nach ee Fënneftel.

Ëmmer méi Stéit soen aus, datt se Schwieregkeeten hunn, fir d'Enner beieneen ze kréie wann de Mount eriwwer ass.

Eriwwer da bei d'Aarbecht: De Chômagetaux ass am internationale Verglach gutt. Ma vun der positiver Evolutioun profitéiert awer net jiddereen. Bei deenen, déi handicapéiert sinn oder eng Capacité de travail réduite hunn, do gesäit een, dass 88% vun dëse Persoune schonn zënter 12 Méint am Chômage sinn.

Hei am Land ginn op där Säit, a Prozenter ausgedréckt, mat am meeschten Aarbechtsplaze pro Joer geschaf.

An der Kategorie Qualitéit vun der Aarbecht, ass de Constat deen, datt déi temporär Kontrakter zouhuelen, virun allem bei de Jonke bis 24 Joer. Déi Fro, déi ee sech an deem Kontext kéint stellen, ass, ob hei net dacks abusiv CDD als Periode d'essaye vun engem CDI benotzt gëtt bei deene Jonken an ob een do net misst agräifen.

Deelzäitaarbecht, där gëtt et am Grand-Duché am Verglach vill, 83% vun de Leit mat sou Kontrakter si Fraen.

Den Aarmutsrisiko vu Salariéen ass am Eurolännerverglach zu Lëtzebuerg am héchsten. Souguer d'Länner, déi voll vun der Kris getraff goufen, stinn hei besser do. D'CSL huet sech op international Indicateure baséiert a bei dësem „Panorama social“ zesummegeschafft mat der Uni Lëtzebuerg a mam LISER.