D'ADR schwätz beim neie Budget vun engem Verbriechen un de kommende Generatiounen an d'CSV huet eng Offensiv fir eng nei Familljepolitik lancéiert.

Suite vun den Debatten um Donneschdeg

Staatsbudget mat 31 Jo-Stëmmen ugeholl, 29 Nee-Stëmmen
D'ADR schwätz beim neie Budget vun engem Verbriechen un de kommende Generatiounen an d'CSV huet eng Offensiv fir eng nei Familljepolitik lancéiert.
AUDIO: Debatte Staatsbudget / Reportage Carine Lemmer

"Dëse Budget ass e Verbriechen un de kommende Generatiounen an dofir stëmme mer en net mat," dat sot de Gast Gibéryen en Donneschdeg de Moien an der Chamber wärend de Budgetsdebatten. D'ADR hofft, datt de wirtschaftleche Wuesstem unhält, datt d'Prognosen net ze optimistesch sinn. Et misst een oppassen, mä egal wéi fënnt d'ADR et irresponsabel, datt fir 2019, trotz der gudder wirtschaftlecher Situatioun, esou e groussen Defizit geplangt ass. Mir hätten eis e Budget am Equiliber erwaart, huet de Gast Gibéryen gemengt. D'ADR proposéiert och, datt den Iwwerschoss vun zejoert – viraussiichtlech 121 Milliounen Euro – an den Zukunftsfong iwwerwise gëtt.

D'ADR an de Gast Gibéryen hu sech awer och iwwer d'Klimapolitik vun der Regierung opgereegt. Hei géif bei der Hausse vu Bensin an Diesel just gréngen Aktivismus virgespillt ginn. Et géif awer dofir net manner getankt ginn. Eventuell géif zu Lëtzebuerg manner getankt ginn, an der Belsch géif de Konsum awer net erofgoen. Dem ADR-Deputéierten no géifen déi Gréng de Klimawandel u national Grenzen ze bannen. Opgrond vun enger "grénger, ideologescher Politik" missten d'Lëtzebuerger elo méi fir hire Benzin an hiren Diesel bezuelen. Ma fir de Klima wier näischt geschitt.

AUDIO: Gast Gibéryen Budgetsdebatten

D'CSV huet en Donneschdeg de Moien, am Kader vun de Budgetsdebatten, dann eng Offensiv, fir eng aner Familljepolitik lancéiert. 7 Motiounen a 5 Propositions de loi huet d'Oppositiounspartei deposéiert.

AUDIO: Marc Spautz Budgetsdebatten

D'CSV wëll méi Zäit a méi Fräiheet fir all d'Familljen. All Familljemodeller sollen ënnerstëtzt ginn. Och wann ee Partner bewosst doheem bleift, fir no de Kanner ze kucken, soll dat honoréiert ginn. Sou sollen ënnert anerem d'Babyjore vun 2 op 4 Joer erop goen, dat heescht et kéint ee sech also 4 Erzéiungsjoren urechne loossen fir spéider d'Rent.

D'CSV fuerdert weider eng gratis Hausaufgabenhëllef. De Congé parental misst ausgebaut ginn. Ee Partner kéint zB deem anere säin huelen oder nach aktiv Grousseltere kéinte vum Congé parental profitéieren, wann d'Elteren dat net kéinten. Och de Congé fir familiär Grënn, wann z.B. e Kand krank ass, soll kënne vun de Grousseltere geholl ginn.

Eng extra Allocatioun fir Famillje mat méi wéi 3 Kanner soll et ginn, verlaangt d'CSV, déi der Pai vun den Elteren ugepasst ass. D'Kannergeld soll direkt nees indexéiert ginn, réckwierkend op den 1. Januar 2019. Wann et dem Land sou gutt geet, misst een dowéinst jo net bis d'Enn vun der Legislatur waarden, sot den CSV-Deputéierte Marc Spautz en Donneschdeg de Moien an der Chamber.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet no den Debatten op déi Famillje-Propose vun der CSV reagéiert a gefrot, wéi dat da soll finanzéiert ginn. An der Oppositioun kéint ee villes proposéieren an et misst een näischt chiffréieren.

Wat de Budgets-Defizit 2019 vu 650 Milliounen Euro fir dëst Joer ugeet, wär dat e bewossten, politesche Choix, sou de Pierre Gramegna...

AUDIO: Pierre Gramegna Budgetsdebatten

De Finanzminister géif sech wënschen, datt och am Privatsecteur a vun den Entreprise verstäerkt investéiert ginn.

Stëmmen no der Ried vum André Bauler

VIDEO: Budgets: Debaten
Knapp zwee Méint haten d'Deputéiert Zäit zanter der Presentatioun vum Budget, fir dëse bis an de leschten Detail z'analyséieren.

Als 1. Riednerin huet d'Martine Hansen e Mëttwoch am spéide Moien de Budgetsprojet 2019 kritiséiert, respektiv eng ganz Rëtsch Froen dozou gestallt, fir um Enn ze soen, dass d'CSV de Budget net kéint stëmmen. D'Fraktiounscheffin vun de Chrëschtlech-Sozialen huet absënns Initiative vermësst, wat d'Wuelbefanne vun de Leit ugeet.

AUDIO: D'Martine Hansen kritiséiert de Budget

Donieft géif de Budget op ganz optimistesche Previsioune baséieren. Et soll een elo d'Zukunft net Schwaarz molen, ma et soll een se awer och net mam "Carpe-Diem-Sonnebrëll" kucken. Déi finanziell Rechnung wär bis elo ëmmer iergendwéi opgaangen, ma et misst een sech awer froen, op dëst Verhalen intelligent wier. Et sollt een sech net op säi Gléck verloossen.

Et sollt een net, Zitat, „op de Sand vun der Weltkonjunktur bauen“, sou d'Martine Hansen, déi nach bedauert huet, keng Zuele kritt ze hunn zu den éischten 3 Méint vun dësem Joer. D'CSV-Fraktiounspresidentin huet doriwwer eraus vun Onsécherheete bei de Recettë geschwat a vun Depensen, déi e Spigelbild vum Kouhandel Koalitiounsaccord wären.

Do virdru war de Pierre Gramegna a sengem Exposé zum Budget 2019 op déi grouss Linnen dovun agaangen. Eng wär d'sozial Kohesioun an d'Gerechtegkeet; an deem Kontext wäre bal 50% Ausgaben am soziale Beräich net ze vill:

AUDIO: De Finanzminister Pierre Gramegna iwwert de Budget

De Finanzminister ass och op d'Propos vun der Chambre de Commerce ze schwätze komm, fir der Halschent vun de Leit beim Staat den 13. Mount ze sträichen oder de Pensionéierten d'Allocation de fin d'année ze kierzen:

AUDIO: De Finanzminister Pierre Gramegna nach eemol

De Pierre Gramegna huet soss nach op d'steierlech Mesuren, z.B. a punkto Klimawandel, higewisen.

„Mir wëllen op eisem Wee weider fueren. De Budget 2019 setzt dobäi e kloert Zeechen a weist, wou de Wee higeet, bei méi sozial Gerechtegkeet, méi Nohaltegkeet a méi Innovatioun!“: Dat war d'Konklusioun, e Mëttwoch am Nomëtten, an der Chamber an der Ried vum Eugène Berger zum Budgetsprojet. Fir den DP-Fraktiounschef bedeit méi Gerechtegkeet z.B. déi op sozialem Plang, déi fir déi nächst Generatiounen a fir d'Betriber.

D'Halschent vum Budget wär fir sozial Transferte virgesinn, d'Staatsschold wär ënner Kontroll an d'Investitioune géifen héich gehale ginn, sou den Eugène Berger. Dee sech dru gestéiert huet, dass d'CSV am Zesummenhank mam Koalitiounsaccord vun engem Schéiwiederpak geschwat hat. Et kéint een absolut domadder liewen, DP géif sech éischter Suerge maachen, wann een e Schlechtwiederpak misst presentéieren. Et géif een dat gutt Wieder, also déi gutt Konjunktur notzen, fir de Bierger hir Kafkraaft ze stäerken, fir eng besser Ofsécherung ze garantéieren. Natierlech géif dann och profitéiert ginn, fir weider ze investéieren an d'Betriber z'ënnerstëtzen. Et géif investéiert ginn, fir d'Land op d'Zukunft virzebereeden.

AUDIO: Den Eugène Berger vun der DP

Den DP-Fraktiounspresident huet um Enn d'Zoustëmmung vu senger Partei zum Budget ginn.

Vun engem „Festival vu Widderspréch“ huet den Alex Bodry de Mëtten am Zesummenhank mat der Ried, am spéide Moien, zum Staatsbudget 2019 vu senger CSV-Homologin Martine Hansen geschwat. Dobäi wär fir kuerz Zäit Hoffnung opkomm an där hirer Ried, sot den LSAP-Fraktiounschef:

AUDIO: Den Alex Bodry iwwert d'Reaktioun vun der CSV

Den Alex Bodry huet dëse Budget e spezielle genannt, well et deen Éischte vun där nei/aler Regierungsekipp ass: Engersäits géif dat Kontinuitéit bedeiten, anerersäits wären awer och nei Elementer agefloss, woubäi ee virsiichteg misst sinn. Investitioune wäre wichteg, an d'Land wär gutt opgestallt, wat d'Finanzen ugeet, huet den LSAP-Fraktiounspresident gemengt an um Enn den Accord vu senger Partei zum Budget ginn.

An den Debatten iwwert de Staatsbudget 2019 gouf et vu Säite vum Josée Lorsché vill Luef fir de Finanzminister Pierre Gramegna an deem seng "nohalteg-gréng Politik".

D'Fraktiounscheffin vun déi Gréng huet och begréisst, dass ënnert anerem 48% Depensë fir d'Sozialleeschtunge virgesi sinn. Et bräicht een e staarke Staat an e staarke Sozialstaat; dofir wär ee géint entgéintgesate Fuerderunge vu Patronatssäit. Hei géifen zwou Welten openeen treffen

AUDIO: D'Josée Lorsché vun déi Gréng

Well d'Fraktiounspresidentin vun déi Gréng Jo zum Budget sot, dierft deen en Donneschdeg de Moie mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl ginn. Do virdrun ass et awer nach d'Suite vun de Budgetsdebatten.

D'Majoritéitsparteien dierfte wéi gesot dofir stëmmen. D'Oppositioun hunn dogéint e Mëttwoch schonn am Plenum annoncéiert, de Staatsbudget fir dëst Joer net matzedroen.

Ried vum André Bauler

VIDEO: Budget: Digitaliséierung, Nohaltegkeet a sozial Kohäsioun
D'Attraktivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie stäerken an deemno d'Digitalisatioun an all Beräicher ëmsetzen a promouvéieren.

D'Attraktivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie stäerken an deemno d'Digitalisatioun an all Beräicher ëmsetzen a promouvéieren.

Dat fir, fir eng méi grouss gesellschaftlech Kohäsioun ze suergen an een Accent op d'Nohaltegkeet setzen. Dat sinn d'Ziler vum éischte Budget vun dëser Legislaturperiod, déi de liberalen Deputéierten André Bauler de Mëttwoch de Moien um Krautmaart presentéiert huet.

AUDIO: Budgetsrapport/Reportage Annick Goerens

Virop déi steierlech Mesurë wéi d'Erhéijung vum Mindestloun ëm 100 Euro netto de Mount an d'Steierreform vun 2017 géingen d'Kafkraaft vun de Leit mat klenge Revenuen erhéijen an dat géint déi sozial Kohäsioun vun der Gesellschaft promouvéieren, erkläert de Rapporter André Bauler.

Ma och d'Nohaltegkeet, ee vun de Schwéierpunkten am Regierungsprogramm, géing am Budget erëmgespigelt ginn.

"D'Regierung hëlt hir Engagementer am Kader vum Paräisser Klima-Ofkommes eescht an investéiert deementspriechend an de Klima- an Naturschutz. Fir e puer Zuelen ze nennen, sou wäerten 20% vun den Investissementer vun dësem Budget an deementspriechend Projete fléissen, dat si 455 Milliounen eleng dëst Joer. An den nächste Jore geet dëse Montant weider erop, soudass iwwert déi ganz Legislaturperiod gekuckt méi wéi 2,3 Milliarden Euro fir Investissementer am Beräich vu Klima an Ëmwelt virgesi sinn."

Donieft gëtt vill an d'Mobilitéit investéiert: Zuchreseau, Garen an den Tram ginn, wéi gewosst, ausgebaut. "An deem Sënn klëmmt och de Budget vum Mobilitéitsministère op en historeschen Héichpunkt vun iwwer 2 Milliarden."

D'Digitaliséierung da soll virun allem dofir suergen, dass et de Bierger am Grand-Duché duerno besser geet. "Vun der administrativer Vereinfachung iwwer eng besser Mobilitéit bis hin zu méi Sécherheet am Netz, enger zäitgeméisser Ausbildung oder och nach neie Methoden an Instrumenter am Gesondheetsberäich, denke mer zum Beispill un déi personaliséiert Medezin. Dat muss d'Finalitéit vun all Strategie sinn, déi mat der Digitaliséierung ze dinn huet."

De Budgetsrapporter huet dann awer och eng ganz Réi Recommandatioune gemaach. D'Finanzverwaltunge misste personell verstäerkt ginn, d'Besteierungsreegele solle vereinfacht ginn an d'Digitalisatioun an de Steiererklärunge fir Privatpersoune Realitéit ginn. Awer och déi politesch Mesuren, déi vun diverse Regierungen an d'Weeër geleet goufen, sollen besser begleet ginn.

Den André Bauler erkläert: "Dës Politike sollen no enger Rei Joren enger kritescher Analyse ënnerzu ginn, fir eventuell Korrekture virzehuelen oder se ze reforméieren, wann dëst sollt noutwendeg sinn. Et geet och drëm, déi parlamentaresch Kontroll iwwer déi grouss Infrastrukturprojeten, déi de Käschtepunkt vun 10 Milliounen Euro iwwerschreiden, ze verstäerken, andeems och déi Konstruktiounsprojete gekuckt ginn, déi de Staat mat enger plafonnéierter Subventioun ënnerstëtzt."

Och a Punkto Digitalisatioun goufen et Recommandatiounen. Zum Beispill misst gekuckt ginn, een Haut-Comité vun der digitaler Transformatioun op d'Been ze stellen an och d'Servicer fir d'Bierger an d'Entreprisë kéinte méi attraktiv a séier ginn, andeems d'Deele vun Donnéeën tëscht Administratioune verstäerkt gëtt, sou den André Bauler.