Vun den 1.890 Salariéen, déi an de Betriber schaffen, dierfen der 800 op Kuerzaarbecht wiesselen.

13 Betriber hunn dëse Mount eng Demande gemaach, fir kuerz ze schaffen an 13 Mol gouf dat accordéiert. Dat huet de Konjunkturcomité e Mëttwoch de Moie matgedeelt. 13 Betriber, dat ass ee méi wéi de Mount virdrun. Vun deen alles an allem 1.890 Salariée vun dëse Betriber dierften der 800 kuerz schaffen.