Den Ament liewen 253.000 Privatstéit hei am Land. Bis 2060 kéinten et tëscht 460.000 a knapp 540.000 Menagë sinn.

Do sinn net d'Gebuerten de Motor, ma virop ass et de wirtschaftleche Wuesstem, deen d'Demographie ukuerbelt. An anere Wieder: Wat et bannen den nächste 40 Joer dem Land besser geet, wat méi Leit op Lëtzebuerg kommen.

Als éischt hunn d'Experte vum Statec d'Evolutioun vum Famillje-Bild ënnert d'Lupp geholl. Et wäerten ëmmer méi Stéit vu just enger Persoun ginn. Haut sinn dat der eng 35%, a 40 Joer dierften et 44% sinn. D'Zuel vun elengerzéiende Stéit dierft sech souguer verduebelen, esou de François Peltier, Demograf beim Statec.

D'Stéit gi statistesch méi kléng, d'Mënsche méi al, d'Awanderung hält un. D'Conclusioun läit do op der Hand: jee no Wuesstems-Model, wäerten tëscht 5.600 a 7.500 Wunnengen d'Joer misse geschafe ginn. Vu Renovatioun bis Neibau. Mat der Fro: wéi a wou wäerten all déi Leit um Horizont 2060, also a ronn 40 Joer, hei am Land liewen? Hei ass d'Landesplanung gefuerdert, awer net just. Ma och nei Modeller fir d'Wunnen u sech. Zum Beispill an deem d'Proprietéit vun der Occupatioun getrennt gëtt, sou Jean-Paul Scheuren, de President vun der Chambre Immobilière.

Tëscht 243.000 an 324.000 weider Wunnengen, bis 2060, de Phenomen "Frontalier" eraus gerechent, dat ass en zolitten Defi, vum Plang, bis zum Bau u sech, deen den Ament mat ronn 4.000 Wunnengen d'Joer u seng Limitte stéisst.