D’Affär ëm de Bréif vum François Bausch géing weisen, datt et verschidden Zoustëmmungen ginn, wat d’Prinzipien vun der Gewaltentrennung ugeet.

D’Affär ronderëm e Bréif vum Minister François Bausch un de Procureur général d’Etat, kritt eng politesch Suite: D’CSV huet eng Demande de convocation gemaach, fir mam Staatsminister an dem Justizminister iwwert Zitat „D’Konturen vun der Trennung vun de Gewalten oder Séparation des pouvoirs“ ze diskutéieren.

D’Affär ëm de Bréif vum Bausch géing weisen, datt et verschidden Zoustëmmungen ginn, wat d’Prinzipie vun der Gewaltentrennung ugeet, sou d’CSV. D’Oppositiounspartei mengt, et wier um Legislateur an un de Wieler, fir dës Prinzipien ze definéieren.

Un der Chamber wier et och, d’Handele vun der Regierung a senge Memberen ze kontrolléieren. Dowéinst wier et wichteg, datt d’Prinzipien eendeiteg definéiert sinn, fir all Zort vun Amëschung oder anert Handelen ze vermeiden, déi dës Prinzipien a Gefor brénge kéinten.