De Marcel Raths huet nom Krich als Coiffer zu Biissen geschafft an hat ee ganz besonnesche Client - de Grand-Duc Jean.

Den Numm Raths kennt jiddwereen, dee sech fir den 2. Weltkrich intresséiert, well den ALOYSE Raths war e bekannte Resistenzler. Deem säi Brudder, de Marcel, gebuer 1923, war deemools am "Arbeitsdienst" an huet nom Krich zu Biissen als Coiffer geschafft. Ee vu senge Clienten hat seng Adress zu Colmer-Bierg an hannert deem sengem Virnumm, Jean, stoung "de Luxembourg" geschriwwen.

D'Monique Kater huet sech mat engem Mann ënnerhal, deen de Grand-Duc Jean éiweg wäert veréieren.

AUDIO: Interview mam Marcel Raths, Coiffer vum Grand-Duc Jean

Elo ass e net méi do, de Grand-Duc, an de Marcel Raths huet Tréinen an den Aen.

Deemools als jonke Coiffer hat hie sech en Numm gemaach, op internationale Concoursen, an op eemol huet hien dem Grand-Duc Jean dierfen d'Hoer schneiden.

Mäi Brudder, den Aloyse, war Precepteur bei de Prënzekanner um Schlass zu Colmer. Hie huet och do mat hinnen zu Mëtteg giess. Eng Kéier mëttes sot hien: "Ech ginn elo eng hallef Stonn fort, ech sinn direkt erëm, ech ginn nach bei de Coiffer". D'Gouvernante huet gefrot: Wou gitt Der bei de Coiffer?
"Ma op Bissen". Wéi kënnt Dir da bis op Biissen. "Dat ass mäi Brudder".

De Prënz Henri zu Biissen beim Coiffer, dat ass net näischt, mä de Marcel Raths ass d'Rou selwer bliwwen. En huet ouni ze zécken dem 10, 11 Joer ale Bouf - pardon - Prënz, eng Coupe gezaubert, déi deem och nach gefall huet...an den Elteren och.

En ass dunn Heem komm a se hunn direkt telefonéiert. Se hu mer felicitéiert, well hie sou schéi wier. Do hu se gefrot, ob de Grand-Duc dann och kéint zerwéiert ginn.

Mat Nee Merci géif héchstwahrscheinlech keen op esou eng Invitatioun äntweren, de Marcel Raths scho guer net. Geschmeechelt a geéiert huet sech de Coiffer vu Biissen gefillt. A wéi en zu Colmer aus dem Auto geklommen ass, hu seng Knéie bestëmmt awer geziddert. Sëtzt de Grand-Duc, steet en do, hätt hie sech gefrot, a wéi ee sech behëlt an esou enger Situatioun.

Du koum de Grand-Duc d'Trap erof, en huet gelächelt a wéi en erbäikomm ass, hëlt en d'Äerm auserneen, huet mer op d'Schëller geklappt a gesot: "Oh Här Raths, dat ass awer schéin, dass der komm sidd". Méi liicht hätt et net kënne goen. Da gi mer eran an d'Zëmmer an ech hunn him d'Hoer geschnidden. Wéi ech fäerdeg war sot en, et wier alles no de Wënsch wéi en et gär gehat hätt, et wier alles tipptopp esou.

Jo, seng Stëmm ziddert, wann en iwwer seng Amenter mam Grand-Duc Jean erzielt. Mëtt 60er war dat, an de Marcel grad emol eng 40 Joer al. Vun do u stoung den Numm Raths fir déi groussherzoglech Coupen, 3 Joerzéngte laang, ee mol de Mount.

Wann e wichtege Rendezvous ustoung, war de Groussherzog ganz a Gedanken an huet net geschwat. Hie wollt seng Aarbecht gutt maachen, erënnert sech de Marcel Raths, deen awer nach e Bild kloer virun Aen huet, 1944 an der Stad.

Ech war op der Plaz, ech hu gesi wéi en aus dem Jeep erausgeklommen ass. Do hu jonk, staark Buggeren en opgehuewen, hunn en op de Schëllere gedroen an d'Gebai vun der Gemeng eran.
Wann een dem Marcel Raths an d'Ae kuckt, versteet een direkt, dass nimools e béist Wuert wäert falen iwwer säi Grand-Duc Jean an dass seng schéin Erënnerungen un dëse grousse Mann, fir ëmmer a sengem Häerz wäerte bleiwen.