D'Gewunnechten, wien u wéi eng Asbl en Don mécht, sinn am Gaangen ze changéieren, dat weist eng TNS-Ilres-Etüd.

D'Etüd, déi RTL virläit, gouf am Optrag vum Cercle de Coopération gemaach a weist, dass Jonker éischter kulturell Causen ënnerstëtzen, iwwerdeem d'Generatioun iwwer 65 Joer éischter fir d'Urgencen-Hëllef e Virement mécht.

Aus der Etüd loosse sech, fir d'ONGen am Land, eng Hellewull interessant Konsequenzen zéien. An dat net nëmme virum Hannergrond vun der Diskussioun vun de ganz villen Donen, déi a Frankräich fir d'Renovatioun vun der Notre-Dame gefloss sinn.

Sou léisst d'Etüd, déi bei engen 1.000 Leit am Land gemaach gouf, duerchblécken, datt Jonker an der Majoritéit e Cash-Don maachen an, datt si, au contraire zu Eeleren, déi op Doudesannoncen hin e Geste maachen, éischter via Events oder sozial Reseaue sollicitéiert ginn, fir Suen ze spenden.

Interessant och, datt eeler Donateuren all Joer nëmmen eemol wëllen iwwert d'Aktivitéite vun enger ONG informéiert ginn, bei Jonken ass et de Wonsch, datt dës Informatioun eemol am Trimester geschitt.

Firwat gëtt gespent?

An dësem Ranking dominéiert - der Rei vun den Äntwerten no - d'Hëllef am Fall vun Urgence wéi enger Naturkatastroph, virun der Kultur, dem Schutz vun Déieren, dem Ëmweltschutz, dann den Accès zu Gesondheetsservicer an dem Accès zu Bildung.

Sollicitéiert gëtt d'Majoritéit vun den Donateuren nach ëmmer duerch Annoncen, duerno dann Charity-Events, Spuerbéchsen, a Butteker an duerch Parrainagen. De Porte-à-porte oder de Payroll-giving, en Don op seng Pai sinn éischter net gutt gesinn.

RTL

Bei de Leit, déi soten, keng Donen ze maachen, dominéiert d'Ursaach, datt si zu 46% kee Vertrauen an d'Manéier hunn, wéi d'Asblen d'Sue geréieren.

En Drëttel vun de gefrote Leit sot, datt Si d'Moyenen net hätten. Ganz interessant och d'Ausso vu 5 vun 10 gefrote Leit, datt si nach ee méi en héije Montant géife ginn, wann eng ONG si dëst géif froen.

3 vun 4 gefrote Leit soen, datt de Maximum, fir administrativ Fraise vum Don fir eng ONG net dierft en Zéngtel depasséieren.

An nach d'Fro nom Montant vun den Donen:
Am Sondage soten 8 vun 10 gefrote Leit, datt si e Maximum vun 1.000 Euro d'Joer spenden. Lëtzebuerg weist sech also generéis a mat gréisstem, deels breedem Vertrauen an d'ONGen, och wa sech nei Tendenzen ofzeechnen, deenen d'Memberen aus dem Cercle de Coopération och musse Rechnung droen.

RTL