De 15. Mäerz sinn Dausende Schüler fir de Klima op d’Strooss gaange mat der Fuerderung, d’Politik misst endlech reagéieren.
No enger Reunioun mat der Regierung gouf festgehalen, datt an de Schoulen Diskussiounsnomëtteger mat de Schüler organiséiert solle ginn. De Pierre Weimerskirch war e Mëttwoch bei der éischter vu fënnef Veranstaltungen dobäi.
D’Schüler kruten d’Geleeënheet hier Iddien direkt 3 Ministeren ze presentéieren. Carole Dieschbourg, Claude Meisch a Romain Schneider sinn um Mëttwochmëtten an de Forum Geesseknäppchen komm, fir sech unzelauschteren, wéi eng Iddien Schüler aus verschiddene Lycéeën hunn fir eng méi nohalteg Politik. D’ Theme-Felder Ëmwelt, Klima, Landwirtschaft an Educatioun goufen a verschiddene Workshoppen diskutéieren a gemeinsam no Léisungen ze sichen. No 2 Stonne hunn d’ Schüler konkret Piste virgedroen.
Insgesamt gi 5 Diskussiounsnomëtteger organiséiert. Weiderer sinn zu Dikrech, ee weideren an der Stad, zu Gréiwemaacher an Diddeleng.
De 15. Mäerz waren d’Schüler eng éischte Kéier op der Strooss. Youth for Climate, 2 Deeg virun den Europawalen de 24. Mee ass di nächst Klima-Maniff, Fridays for Future.
Weider Detailer fannt der op ClimateXchange.lu