Am RTL-Interview huet d'Ministesch op verschidde Kritikpunkte vun der Jeeërfederatioun reagéiert.

D'Jeeër fille sech diskriminéiert. Am Dossier Schwéngspescht wiere se net genuch consultéiert ginn. Et schéngt, wéi wann den Dialog tëscht dem Ministère an de Jeeër schwiereg wier.

D'Diere vun der Ministesch stinn op an et probéiert een ëmmer erëm, wéi am Dossier Schwéngspescht, d'Jeeër matanzebannen. Do ass de Kritikpunkt vun de Jeeër net richteg, well een ebe grad an der Schwéngspescht-Kris vill matenee geschafft a esouguer gemeinsam Pressekonferenzen hat. Et kann een awer iwwert d'Art a Weis diskutéieren, wéi een ebe mateneen diskutéiert a schwätzt. Do bedauert d'Ministesch dann, dat, wann Decisioune geholl ginn, datt déi net ëmmer gemeinsam kënne geholl ginn, wéi et fir d'Allgemengwuel am Beschte wier.

D'Preventiounsmesure géint Schéngspecht gesinn och vir, datt an deene Zone Blanchen gezielt ofgeschoss gouf. Goufen d'Jeeër an dës Mesure mat agebonnen?

Et huet ee vun Ufank u mat de Leit um Terrain, dorënner och de Jeeër, geschafft. Et huet ee gesot, datt d'Jeeër missten d'Zuel vun de Wëllschwäin reduzéieren. An en Expert vun der Unioun koum zu Konklusioun, datt zu Lëtzebuerg déi néideg Decisiounen an där néideger Zäit geholl goufen, déi wichteg waren.

Weider betount d'Ministesch nach eng Kéier, datt een ëmmer nees probéiert huet, fir mat de Jeeër ze schaffen. An dat wier och wichteg, fir an Zukunft esou ze maachen.

Dat Jeeër dëst e bëssen anescht gesinn, ass op hirer Generalversammlung kloer gemaach ginn. Do stellt sech d'Fro, ob et net en ideologesche Kampf ass, datt déi Gréng einfach grondsätzlech Problemer mat der Juegd hunn, wéi se am Moment leeft. Dorënner géif och eng Neireegelung vun der Klappjuegd falen.
 
Et ass wichteg, datt d'Juegd moderniséiert gëtt, seet dorobber d'Ministesch. Grad, well d'Akzeptanz an der Populatioun zur Juegd ëmmer méi erofgeet. An enger moderner Juegd muss gekuckt ginn, datt d'Wuel vum Déier respektéiert gëtt an d'Jeeër am Sënn vum Naturschutz schaffen. D'Juegd soll also am Respekt mam Déiereschutz, Naturschutz a mat allen Notzer vum Bësch stattfannen. Dofir muss een driwwer debattéieren, wéi een d'Juegd an d'Methode vun der Juegd lues a lues méi modern ka gestallten. Do wier e Beispill, datt am neie Waffegesetz drakënnt, datt ee am alkoholiséierten Zoustand net mat enger Waff dierf ëmgoen.

E weider Kritikpunkt vum Georges Jacobs war, datt hien net méi als Enseignant fir de Juegdschäin dierft schaffen, well hien, der Ministesch no, net déi néideg Kompetenzen hätt.

Et ass wichteg, datt e gudden, wëssenschaftlechen a fachlech korrekte Cours gehale gëtt. Als Ministesch ass d'Carole Dieschbourg responsabel, fir déi bescht méiglech Ausbildung fir nei Jeeër ze garantéieren. Am Cours awer, deen den Här Jacobs zum Deel schrëftlech verdeelt huet, war och Polemik iwwer Naturschutz a Juegd ma dran. Dofir ass d'Ministesch dann och op de Wee vu Professionaliséierung vun deem Cours gaangen, wat si dem Här Jacobs och matgedeelt huet.

Et war keng perséinlech, mä eng fachlech Entscheedung am Sënn vun enger besserer Ausbildung, seet d'Carole Dieschbourg, déi betount, datt hir Dieren ëmmer fir den Dialog op sinn.

Prozedur vun Carole Dieschbourg "illegal an onwürdeg", esou Jacobs

Schaarf Kritik e Sonndeg de Moien op der Generalversammlung vun der Jeeërfederatioun, dat un der grénger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Hannergrond war d'Decisioun vun der Ministesch, de President vun der Jeeërfederatioun Georges Jacobs vu senger Funktioun als Enseignant fir de Juegtexamen z'entloossen. Hien hätt eréischt no senger Entloossung erkläert kritt, datt hien net kompetent genuch wier an datt d'Regierung méi Fraen an der Ausbildung vun de Jongjeeër anzebanne gedenkt. De Georges Jacobs huet d'Prozedur als illegal bezeechent.

AUDIO: Extrait Georges Jacobs

Ech diskutéieren net iwwer Kompetenzen oder Fraequoten. Ech stelle just einfach d'Fro, nodeems ech der Ministesch laang Jore gutt genuch war: Firwat dës Urgence? Déi ganz Prozedur war net nëmmen onwürdeg, mä och illegal an eng Beleidegung fir eis ganz Federatioun.

VIDEO: Extrait Georges Jacobs (Illegal Prozedur)
De President vun der Jeeërfederatioun reecht sech iwwert déi illegal Prozedur op, duerch déi hien säi Posten als Enseignant am Juegdexamen verluer huet.

D'Ministesch huet sech dogéint verdeedegt a gesot, si hat just déi bescht méiglech Ausbildung fir déi jong Jeeër am Sënn. Si hat d'Dossiere vun de Coursë gepréift an doropshin déi Decisioun geholl. Dës Decisioun hat si dem President vun der Jeeërfederatioun awer eréischt matgedeelt, wéi hier zweet Legislaturperiod als Ëmweltministesch ugefaangen huet. Si wollt et net an där Zäit maachen, wou si dat Amt just als "faisant fonction" hat, also no de Walen a virun der neier offizieller Regierungsbildung.

De Georges Jacobs huet sech dann och d'Fro gestallt, wien d'Juegd wichteg hëlt an dat wieren déi gréng Ideologen. Déi wëllen eng präzis Iddi duerchbréngen, egal op déi responsabel ass, oder net. Déi gréng Politik ass eng e bësse lénks liberal. Wann een awer kuckt, wéi vill an de lescht Jore gebaut gouf a wéi vill Uebst a Geméis d'Cargolux aus allen Ecker vun der Welt op Lëtzebuerg bréngt, taucht en Imageproblem bei deene Gréngen op. Dofir siche si elo no iergendengem Hännes, un deem si sech gesondstousse kënnen, fir de Leit ze weisen, datt si nach e gréngt Profil hunn, mengt de Georges Jacobs.

VIDEO: Extrait Georges Jacobs (Gréng Ideologen)
De President vun der Jeeërfederatioun huet sech iwwert déi "gréng Ideologen" opgereecht

Dann huet de President nach d'Politik opgefuerdert, datt een eppes géint d'Diskriminéierung vun de Jeeër misst maachen, wat och vum Minister Romain Schneider ugeholl gouf. Och d'Carole Dieschbourg huet géigesäitege Respekt gefuerdert, well am Sënn vum Naturschutz d'Politik sech mat de Jeeër eng gutt Kooperatioun wënscht.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ass e Méindeg den Owend am Journal op der Tëlee invitéiert. Hei wäert si ënner anerem op d'Kritike vun de Jeeër reagéieren.