Am Educatiounsministère goufen en Dënschdeg de Moien 3 Agreementen ënnerschriwwen an ee gouf verlängert, fir déi 4 ëffentlech Europaschoulen am Land.

Zanter 2016 sinn d'Europaschoulen zu Déifferdeng, zu Esch an zanter der leschter Rentrée och am Lycée zu Klierf, zu Munneref an zu Jonglënster. Et si gratis ëffentlech Europaschoule mat unerkannten europäesche Programmer an Diplomer, déi mat engem "Bac européen" ofschléissen. Si ginn der Verschiddenheet vun de Schüler gerecht, bidde méi Flexibilitéit an de Sproochen, ënnerschiddlech Niveauen an de Friemsproochen, seet de Minister Claude Meisch. D'Europaschoule wären net besser wéi déi aner Schoulen am Land, awer besser fir eng Rei vu Schüler am Land, resuméiert et den Educatiounsminister.

D'Demande ass op alle Fall grouss. 2016 huet ee mat 160 Schüler zu Déifferdeng ugefaangen. Elo gi ronn 1.000 Schüler an déi 4 ëffentlech Europaschoulen. Eng 5. kënnt an d'Stad. Bis dat souwäit ass, gëtt d'Europaschoul zu Jonglënster ausgebaut.

AUDIO: Extrait Claude Meisch

An der däitscher Sektioun am Primaire gëtt et dëst Joer zu Lënster zum Beispill just een 1. Schouljoer. D'Demande ass awer esou an d'Luucht gaangen, datt am September fir d'Rentrée Klasse vum 1. bis dat 5. Schouljoer mussen ugebuede ginn. Och eng Spillschoul – op Däitsch oder Englesch – gëtt dann zu Lënster offréiert.