Produzéiert gëtt nach a 4 Wierker. An deenen 2.150 Leit schaffen. Ma an Zukunft solle nach méi Aarbechtsplazen duerch d'Automatiséierung ewechfalen.

De Verkaf vum Diddelenger Wierk huet fir Opreegung gesuergt. Doriwwer eraus gëtt bei ArcelorMittal den Ament de Standuert Lëtzebuerg generell op de Leescht geholl. Produzéiert gëtt nach a 4 Wierker, an deenen 2.150 Leit schaffen. Virop d’Palplanchen, déi zu Belval gewalzt ginn, sinn engem groussen Drock aus China ausgesat.

Eng Erausfuerderung ënner villen... Fir d’Stolindustrie hei am Land iwwer dat nächst Joerzéngt eraus ze perenniséieren, gëtt vun der Direktioun e "Projet de Transformation" ausgeschafft.

© RTL Archiv

Kommerziell Kontrakter an d’Käschte ginn iwwerschafft. De Roland Bastian, Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg betount, dass een sech wäert nach méi digitaliséieren, sech also informatesch besser organiséieren, fir sou de "Workflow" generell besser ze strukturéieren.

AUDIO: De Roland Bastian, Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg

Da ginn et awer och eng Rei Investissementer an deenen nächste 4-5 Joer, ma et well een ënnert dem Stréch awer mat dëse verschiddenen Initiativë virun allem d'Käschte méi kleng halen. Ënnert anerem gëtt un Automatiséierunge geduecht, dat op Käschte vun Aarbechtsplazen, déi dann an Zukunft dowéinst net méi wäerte bestoen. Dës Envergure un Aarbechtsplaze kéint awer a Form vu natierlechen Ofgäng kompenséiert ginn.

AUDIO: Ganzen Interview mam Roland Bastian, Direkter Arcelor Lëtz