"D'Solidaritéitssteier erofsetzen, wier momentan e komplett falscht Zeechen", sou huet de Minister Dan Kersch op eng Propositioun vun der CSV.

Den Aarbechtsminister ass beim Rapport annuel vun der ADEM op dës Stéier agaangen.

Déi meescht Aktivitéite vum Aarbechtsamt, also Programmer a Formatiounen, ginn iwwert de Fonds de l'emploi finanzéiert. Vun de ronn 800 Milliounen, déi de Fong ausmécht, kommen 550 Milliounen iwwert d'Solidaritéitssteier eran. D'Iddi fir dës Steier erofzesetzen, kéint dem Dan Kersch no nëmmen entstoen an engem Ëmfeld vun kompletter Ignoranz vun de Besoine, vun enger offensiver Aarbechtspolitik oder Onwëssenheet iwwert d'Inhalter vun de Programmer.

AUDIO: Extrait Dan Kersch

Och steierpolitesch wier et dem Dan Kersch no e falscht Signal, well en Erofsetzen net méi, mä manner Steiergerechtegkeet géing bréngen.

Op Grond vun der Propositioun vun der CSV wëll den Aarbechtsminister en Audit vum Fonds de l'emploi maachen, fir nozeweisen, wat mat deene Sue geschitt. D'Leit sollen a kompletter Transparenz matkréien, wéi eng Programmer mat deene Suen ënnerstëtzt ginn a wat d'Gesellschaft als Gewënn vun deene Investitiounen huet.

CSV kontert
Um Mëttwoch de Moien huet den CSV-Deputéierte Gilles Roth nach eng Kéier gekontert. Et géif hei net ëm d'Ausgabe vum Beschäftegungsfong goen, mä ëm d'Finanzéierung vun dësen Ausgaben. Si géifen et als CSV net normal  fannen, dass een nach d'Solidaritéitssteier vun de Leit freet aus de Krisejoren. Et wier een an enger gudder Konjunktur an da misst een och d'Solidaritéitssteier erofhuelen. D'Leit géifen haut 5 mol méi Solidaritéitssteier wéi 2010. Dat wier net normal. De Staat kéint sech senger Verantwortung net entzéien. Dat wier och sozial ongerecht, well de Staat contribuéiert nach zu 10 Milliounen Euro zu den Ausgabe vun dem Beschäftegungsfong. Dat géif am Kloertext heeschen, dass d'Fongenindustrie Null Contributioun dozou méi mécht. Wann dat d'Meenung vum sozialisteschen Aarbechtsminister wier, da géife si dat bei der CSV zur Kenntnis huelen.

D'CSV wär iwwerdeems der Meenung, dass ee breet Schëllere méi misst belaaschten. D'Contributioune kéinten deemno sozial gestaffelt ginn, seet de Gilles Roth.