Kritik um System ass een vun déi Lénk gewinnt. Och bei den Europawalen trieden si als Partei un, déi déi ganz Europäesch Unioun anescht organiséiere wëll.

Déi Lénk hunn en Dënschdeg hir Programm fir d'Europawalen a gutt zwou Woche presentéiert. 3 Kandidaten hunn 3 fir si kruzial Punkte méi detailléiert virgestallt.

Programm "Déi Lénk" bei den Europawalen
Kritik um System ass een vun déi Lénk gewinnt. Och bei den Europawalen trieden si als Partei un, déi déi ganz Europäesch Unioun anescht organiséiere wëll.
AUDIO: EU-Programm déi Lénk - Reportage Pierre Jans

Ee vun de Kandidaten ass de Gary Diderich, deen och ee vun den zwee Porte-Parolle vun déi Lénk ass. D'militäresch Oprëschtung war säi Sujet. D'EU géif dat méi staark bedreiwen, wéi se dat no bausse verkafe wéilt, esou d'Kritik vun déi Lénk: ''Et war ëmmer eent vun de Grënnungs-Verspriechen, dass d'Europäesch Unioun wäert Fridde bréngen. Dat ass en nobelt Zil an effektiv hu mir dat bannent der EU areecht. Wa mir awer e bëssen iwwert d'Grenzen ewech kucken, da gesi mir, dass et 28 Kricher weltwäit ginn. A mir sinn selwer als Europäesch Unioun bei sechs Kricher bedeelegt.''

Ënnert anerem Frankräich an Däitschland hu grouss Rëschtungsfirmae, déi Waffen an Krichsgebidder exportéieren. Dogéint wëllen déi Lénk sech asetzen. Grad esou wéi géint méi héich Investissementer an d'Verdeedegung, ewéi d'NATO se vun de Memberstaaten fuerdert. De Gary Diderich: ''Mir fuerderen, dass d'EU ni militäresch intervenéiert, wann et keng legitim UNO-Mandater ginn. Mir fuerderen dass d'NATO ofgebaut gëtt. Mir schwätzen eis kloer dogéint aus, dass nach Atomwaffen op europäeschem Buedem stationéiert ginn.''

E kollektive Sécherheetssystem ass erwënscht, awer mat der UNO an der Haaptroll. De Programm vun déi Lénk ass e Programm vun de Lienen. Bei der Oprëschtung ass et net anescht: wou mat Waffe gekämpft gëtt, si Leit a Liewensgefor. Eng Situatioun aus där se fort wëllen. D'Sandrine Gashonga ass 1998 selwer op Lëtzebuerg komm fir Asyl ze froen. Si konnt sech deemools net virstellen, dass d'Flüchtlingsfro eng Kéier géif als Fro vun der Sécherheet bannent der EU consideréiert ginn. Ma haut wär genee dat de Fall, seet d'Kandidatin fir d'Europawalen: ''Alors qu'en realité nous savons tous que l'urgence se situe plus dans le fait d'éviter les drames qui continuent encore à se dérouler en Méditerranée. La Méditerranée qui est devenue un cimetière pour les personnes qui fuient les conflits et qui sont obligées de traverser la Méditerranée pour arriver jusqu'en Europe.''

Déi Lénk wëllen d'Migranten ënnerstëtzen, de Problem net méi als ee militäresche gesinn. Kuerz: si fuerderen, dass d'europäesch Agence fir d'Protektioun vun de Grenzen, Frontex, opgeléist gëtt. Iwwerdeems sollen d'ONG'en déi an de Kriseregiounen operéieren, gestäerkt ginn.

Dat alles wäre fundamental Changementer vun der europäescher Politik. Fir déi et wuel grad esou fundamental Verännerunge bei de Muechtverhältnisser vun den Institutioune vun der EU misst ginn. De Kandidat vun déi Lénk Antoni Montserrat confirméiert: ''Notre position est celle de renforcer le Parlement européen, mais en même temps de créer un mécanisme que pour le moment existe d'une manière très faible: la coopération directe avec les parlements nationaux.''

Den EU-Ministerrot géif an deem Zeenario u Pouvoir verléieren. Ideal wär et, wann d'EU-Deputéiert direkt mat hiren nationale Parlamenter kéinten zesummeschaffen, ''amplaz dass si fräi Satellitte sinn zu Bréissel an zu Stroossbuerg'', esou de Gary Diderich.

Déi Lénk si sech bewosst, dass hire Score bei de leschten Europawale schlecht war. Si hoffen dass gréisser Parteie Fiedere loossen, a wëllen e Reschtsëtz virun der ADR kréien. Déi Lénk sinn gudder Deng: bei dëse Walen hätten d'Wieler nämlech net d'Gefill eng Regierung ze wielen, erkläert den Gary Diderich, mä e kéint sech wierklech op d'Kandidatinnen an d'Kandidate konzentréieren, déi seng Iddien am meeschte vertrieden.

Déi komplett Pressekonferenz kënnt der hei nach eemol nokucken: