E jonke Mann krut de Prozess gemaach, well hien am Abrëll 2017 um Park&Ride Bouillon eng jonk Fra soll vergewaltegt hunn. D'Uerteel ass fir de 6. Juni.

Eng Prisongsstrof vun 3 Joer, zum Deel mat Sursis: Dat war d'Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet, en Dënschdeg, um Stater Geriicht an enger Affär vu Viol oder Sex am Averständnis. E jonke Mann krut jo de Prozess gemaach, well hien am Abrëll 2017 um Park&Ride Bouillon eng nach méi jonk Fra soll vergewaltegt hunn.

AUDIO: Affär vu Viol oder Sex - Rep. Eric Ewald

Obwuel et der Fra no keen Averständnis zum Sex gouf, dem Mann no awer wuel, spréch Ausso géint Ausso stoung, wär fir de Vertrieder vum Parquet de Viol zréckzebehalen.

Zu deem et trotz dem manifeste Refus vun der Fra komm wär, déi sech net hätt kënne wieren. De Mann hätt deemools eppes wëllen aus dem Auto huelen an der Fra gesot, si sollt sech sëtzen; well si dat gemaach huet, hätt de Mann dat als Invitatioun ugesinn a sech gesot, all d'Elementer vum Averständnis wären do, soudass hie maache kéint, wat hie wéilt. Dobäi hätt de Mann mierke missen, dass d'Fra zu kengem Zäitpunkt mam Sex d'Accord war, sou de Vertrieder vum Parquet. Si hätt dat net gewollt, de Mann et awer eben implizit als Averständnis ugesinn, dass se matgoung a sech an den Auto gesat huet. Bei der Fra wäre kleng Blessuren am Intimberäich festgestallt ginn, déi kee raisonnabelen Zweiwel un där, Zitat, „schlëmmer Strofdot“ loosse géifen.

Dogéint huet den Affekot vum Mann erkläert, dee wär formell, dass hien zu kengem Zäitpunkt Gewalt ugewannt an d'Fra zu näischt forcéiert hätt, wat si net wollt. Dem Me Says no gouf et och keng Zeeche vu Gewalt bei der Fra, déi ni Nee gesot hätt. Fir de Mann koum et zum Sex am Averständnis, an et géif nëmmen d'Ausso vun der Fra ginn, si hätt dat net gewollt. Si hätt sech och net gewiert, an et hätt keen Zeien eppes matkritt, soudass d'Versioun vu sengem Client déi richteg wär. D'Fra wär zu näischt gezwonge ginn, hätt näischt gesot a keng spezifesch Blessen Opweises gehat. Well fir eng Veruerteelung keen Zweiwel bestoen dierft, wär déi eenzeg richteg Konsequenz de Fräisproch vum Mann, sot säin Affekot.

Iwwerdeems d'Affekotin vun der Fra net grad 62.000 € Schuedenersatz gefrot hat, huet den Ugeklote gemengt, hie wéisst, dass hien näischt gemaach hätt.

D'Uerteel ass fir de 6. Juni.