En Dënschdeg goufe 4 Giischtercher am Prisong zu Schraasseg blesséiert. Dat vun engem extrem aggressive Prisonéier wärend engem internen Transfert.

Vun der Prisongsdirektioun ass et um Mëttwoch de Mëtten d'Präzisioun, dass de Mann wéinst aggressivem Verhalen an eng aner Zell sollt bruecht ginn.

Fir den Transfert wiere 5 Agente vum Interventiounsgrupp agesat ginn, déi speziell forméiert an equipéiert wieren, fir a geféierlechen oder soss schwierege Situatiounen anzegräifen.

Se hätten och deen übleche Sécherheetsdipositif bei sech gehat, wéi Helmer, schosssécher Gileten an anert Material.

4 Agente goufe blesséiert. Zwee si fir 4 Deeg krankgeschriwwe ginn, een anere fir 3 Deeg. Dee 4. konnt weiderschaffen.

Den aggressive Prisonéier gouf aus dem Gemeinschaftstrakt erausgeholl.