Et gouf et schonn a China, Australien, praktesch iwwerall op der Welt. Mini Maker Faire ass eng Plattform fir jiddereen, dee vun Technik begeeschtert ass.

Souwuel Ufänger, wéi och Professioneller kënnen hir Projeten ausstellen a sech mat anere Bastler an Erfinder austauschen.

Dëst Joer war fir déi éischte Kéier eng Maker Faire zu Lëtzebuerg oder éischter eng Mini Maker Faire. Zu Rouspert war jidderee wëllkomm, dee gären erfënnt, bastelt oder einfach nëmme kreativ ass.

Organiséiert gouf dat Ganzt ënner anerem vun der a.s.b.l. Make it. Ronn 1.500 Léit waren iwwert den Dag verdeelt op Besuch. Virun allem Jonker hunn hir Erfindunge presentéiert, un deene si geschafft hunn.

Roboteren, een elektresche Go-Kart an eng Schwammkap, déi vibréiert, ier ee mam Kapp an d'Mauer rennt, goufe virgestallt.

Donieft war och nach eng Roboter-Kompetitioun a vill aner Stänn, wou een och selwer eppes bastelen oder ausprobéiere konnt. Fir d'Organisateure war et ee Succès an déi zweet Editioun ass scho fest.