Eng EU-Reglementatioun obligéiert all Memberstaat, bis d'Enn vun dësem Joer en nationale Klima- an Energieplang opzestellen.

En Dënschdeg huet d'Aarbecht fir de Lëtzebuerger Plang esou richteg ugefaangen. An der Abtei Neimënster hu Ministeren a concernéiert Acteure sech getraff, fir an Ateliere scho konkret Mesuren auszeschaffen. Där brauch et nämlech, well d'Regierung gëtt sech Ziler, déi méi héich sinn ewéi d'Europäesch Kommissioun se virgëtt. An dofir wëll een och de Lëtzebuerger Finanzsecteur mat an d'Boot huelen.

De bloe Finanzminister Pierre Gramegna hat en Dënschdeg eng gréng Krawatt un. Symbolesch och, wéi déi gréng Ëmweltministesch an de gréngen Energieminister him voller Erwaardung nogelauschtert haten. De Finanzsecteur soll méi gréng ginn, versprécht de Pierre Gramegna. A fir d'Banken a Gesellschafte wär et gläichzäiteg eng Chance: ''Mir si scho gutt positionéiert, mir sinn an den Top 3 an Europa. Dorop solle mir opbauen, well wa mir wierklech eppes fir de Klima wëlle maachen, geet et net duer, dass d'Staate Milliarden investéieren. Mir mussen nämlech vun de Milliarden an d'Trillioune kommen an dat kënne mir nëmme mam Privatsecteur fäerdegbréngen a mat de Banken- an der Fongenindustrie, déi natierlech déi méiglech Recourse mobiliséieren.''

D'Schwieregkeet wäre kredibel Produiten. De Minister nennt e Positiv-Beispill: e gréngt Spuerbuch. D'Bank dierf d'Erspuertes just a gréng Projeten investéieren. Esou Produite géif et den Ament nach net genuch ginn.

Och d'Industrie misst matschaffen. Ëmmerhin ass et d'Zil, d'CO2-Emissioune bis 2030 ëm gutt d'Halschent ze reduzéieren. E Paradigmewiessel, dee fir de Secteur och finanziell Risike mat sech brénge kann. An engem vun de véier Workshoppen den Dënschdeg de Moie gouf no Léisunge gesicht. Den Direkter vu myenergy Gilbert Théato gëtt e Beispill: ''Si hunn haaptsächlech vun engem Derisiking-Instrument geschwat, wou et drëms geet, eng Aart Fong opzestellen. Dat sinn alles elo mol hypothetesch Iddien, déi hei diskutéiert ginn. Et géif een eng Aart Fong an d'Liewe ruffen, wou Investisseuren an de Staat kéinte Geld dra speisen, fir e méigleche Risiko opzefänken.''

Den Energieminister Claude Turmes huet méi wéi eng Kéier vun enger Obligatioun geschwat. Lëtzebuerg muss méi maachen, mir musse méi effizient ginn, esou kléngen seng Sätz: ''Wa mir nei bauen, da muss kloer sinn, dass mir 0-Energie-Haiser bauen, wa mir nei Autoe kafen, da mussen dat an der Tendenz Autoe sinn, déi net mat fossil Energië bedriwwe sinn, mä éischter elektresch lafen. Mir brauchen awer och Moossnamen, déi mir finanziell ënnerstëtzen am Iwwergang.''

De Pierre Gramegna schwätzt vun Trilliounen, also enger Milliard Milliarden, déi an der Welt musse fir de Klimaschutz opbruecht ginn. Grouss Depensen och fir Lëtzebuerg, mä e Choix géif et net ginn. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg erkläert: ''Eent ass kloer: kee Klimaschutz kënne mir eis net leeschten. Weder am Beräich Gerechtegkeet nach finanziell, well d'Effekter vum Klimawandel immens grouss sinn. D'Iwwerschwemmungen déi lescht dräi Joer haten immens deier kascht. Mir spiere ganz genau, dass eppes geschéie muss.''

An dofir brauch een d'Investitiounen aus dem Finanzsecteur. Ufanks Juni ginn d'Resultater aus den Atelieren an engem Rapport publizéiert.