Mat dësem Ausbau vum Kierchbierg wëll de Fonds de Leit et méiglech maachen, fir esou mann wéi méiglech op hiren Auto zeréckzegräifen.

Bis 2040 sollen um Kierchbierg bis zu 20.000 Awunner bäikommen a laangfristeg maximal 25.000, esou de President Patrick Gillen um Dënschdeg bei der Presentatioun vum Joresrapport vum Fonds Kirchberg. Aktuell gëtt et um Platto eng 16.000 Logementer, déi funktionéieren. 3.400 sinn der elo an der Planung a mussen ëmgesat ginn an dat kann dat Ganzt progressiv op 12.000 oder iwwer 12.000 eropgoen, dat ass den Objektiv bis 2040.

AUDIO: Extrait Patrick Gillen

Ee Projet soll zum Beispill laanscht d’Avenue John F. Kennedy entstoen, nieft dem Site, op deem den neie Siège vun ArcelorMittal gebaut gëtt, dat heescht e bësse méi wäit wéi d’Philharmonie.

D'Pressekonferenz vum Fonds de Kierchberg / © Kevin Girres

D’Stroosse sollen adaptéiert ginn, mat Vëlosspuren a Busspuren. Déi nei Stroossen, déi gebaut ginn, sollen zum Deel nëmme fir den ëffentlechen Transport a fir d’Mobilité douce zougänglech sinn.

„Eis Iddi ass, fir a sou Quartiere wéi herno um Kuebebierg, fir do nëmme méi eng Parkplaz ze hunn, fir zwee Logementer a Silosparkingen, wou d'Leit dann och net esou op d'Parkingen zréckgräifen.“

Op der nërdlecher Säit vum Kierchbierg sollen op 62 Hektar zwee nei Quartiere mat 5.500 Wunnengen entstoen: Kuebebierg a Laangfur. De Logement ass d’Prioritéit vum Fonds Kirchberg, well jo och e grousse Besoin do ass.

„Mir hunn awer de Virdeel, datt mer Proprietär vun den Terraine sinn an doduerch kënne mer dann och d'Präisser, déi mer ubidden, och esou upassen, datt d'Leit sech et och kënne leeschten.“

Zum Beispill iwwer Bails emphythéotiques an d’Zesummenaarbecht mat der SNHBM. Fir déi nächst 15 bis 20 Joer sinn eng Rei Projete virgesinn, dorënner och zum Beispill op der Avenue John F Kennedy, e bësse méi héich wéi d’Philharmonie. Hei sollen 260 Wunnengen entstoen.

Um Kierchbierg wäerten an Zukunft och méi Leit schaffen, dovunner en Deel bei den europäeschen Institutiounen, déi nei Gebaier kréien. Een alt EU-Gebai, d’Jean-Monnet-1-Gebai, gëtt ofgerappt a recycléiert, well an deem Gebai vill Asbest war, hëlt dat allerdéngs Zäit a kascht ronn 30 Milliounen Euro.

D’Zil vum Fonds Kirchberg wier et, d’Urbaniséierung esou ze gestalten, datt d’Leit esou mann wéi méiglech op den Auto missten zréckgräifen, esou de Patrick Gillen.

AUDIO: Fonds Kirchberg / Reportage Pit Everling