Mat enger ganz spezieller Aktioun an den zwou groussen Dageszeitungen maachen Ëmweltorganisatiounen op d'Problematik vum Aarten-Ausstierwen opmierksam.

Den 22. Mee ass den Internationalen Dag vun der Biodiversitéit. Vun der internationaler Natur- an Ëmweltschutzorganisatioun WWF ass et den Appell, fir méi Engagement bei der Protektioun vun der Aartevillfalt. Weltwäit misste sech d'Staats- a Regierungscheffen un en Dësch setzen. D'Organisatioun huet op déi rezent alarmant Chiffere vum Weltbiodiversitéitsconseil verwisen, deemno duerch den Agrëff vum Mënsch an tëscht iwwer 25% vun den Déieren- a Planzenzorten, déi ënnersicht goufen, menacéiert sinn. Vill méi, wéi dat jee de Fall war. Bannent e puer Joerzéngten kéinten ongeféier eng Millioun Aarte verschwannen. Responsabel wier deemno dat massiivt Agräife vum Mënsch an de globalen Ökosystem, sou de World Wildlife Fund.

Experten no si mer aktuell mat engem geféierlechen Massenausstierwe vun Déieren a Planze konfrontéiert, dat et zanter dass de Mënsch existéiert an där Form nach net ginn huet.

Och hei zu Lëtzebuerg hunn Organisatiounen aus dem Ëmweltschutzberäich een dréngenden Appell un d'Regierung gemaach, dass ganz séier eppes muss geschéien, fir d'Aartevillfalt ze protegéieren.

Mat enger ganz spezieller Aktioun an den zwou groussen Dageszeitungen, dem Lëtzebuerger Wort an dem Tageblatt, maachen dës Organisatiounen, dorënner de Mouvement Ecologique an Natur an Ëmwelt, op dësem 22. Mee op d'Problematik vum Aarten-Ausstierwen opmierksam. Méi genee op de Säite vun den Doudesannoncen ass eng grouss Annonce vun der Brongbrëschtchen ze gesinn, déi wéi et heescht, an aller Stëll verschwonnen ass, well hire Liewensraum zerstéiert gouf. Si war Partner vun Dausende Déieren- a Planzenaarten a laangjärege Begleeder vum Mënsch. Et wier d'Bestriewe vun der Mënschheet ëmmer méi ze produzéieren an ze consomméieren, wou dorunner Schold ass, heescht et vun den Initiateure vun dëser Annonce. Hiert Ausstierwe géif ee grousst Lach am Netzwierk vun allen Déieren- a Planzenaarten hannerloossen.

Déi verschidden Ëmwelt- an Naturschutzorganisatiounen haten am Virfeld vum Internationalen Dag vun der Biodiversitéit drop higewisen, dass nach Zäit ass, fir ze handelen. Am Virdergrond géif awer ee fundamentaalt Ëmdenke stoen, weltwäit awer och hei zu Lëtzebuerg. D'Basis dofir wier eng Neiorientéierung vum Wirtschafts- a Gesellschaftsmodell. Wuesstem dierft net méi déi Iewescht Prioritéit sinn.