De Gast Gibéryen wäert dës Legislaturperiod net bis zum Schluss an der Chamber bleiwen.

Dat huet den ADR-Politiker e Mëttwoch de Moien am Interview mat de Kollege vum Radio 100,7 confirméiert. Hie wéilt dem Fred Keup Plaz maachen, fir dass dëse sech an d’Politik kéint aschaffen.

Sollt de Gast Gibéryen e Sonndeg gewielt ginn, géif hien e Mandat am Europaparlament untrieden. Deen Ament géif de Fred Keup scho fir hien op der ADR-Süd-Lëscht noréckelen.

Sollt dat e Sonndeg net de Fall sinn, wäert den 68 Joer ale Gibéryen awer nach virun den nächste Chamberwalen an der Chamber zu Gonschten vu sengem mi jonke Parteikolleg demissionéieren. Wéini dat wäert sinn, huet en awer net gesot.